Image (25)

E grousse Merci un eise Schülercomité: Zwee engagéiert Joeren voller Projeten!

Actualité

Wat e Schouljoer! Eise Schülercomité huet dëst Joer eng exzellent Aarbecht geleescht an gewisen, wat ee mat Teamwork, Kreativitéit an Engagement erreeche kann. Hei ass en Réckbléck op e ganz besonnesche Projet, deen de Comité dëst Joer zesumme mat de Klassevertrieder (Délégués de classes) op d'Been gestallt huet.   De grousse Schoulprojet: Vum Som bis bei d'Planz De Comité huet dëst Joer dräi grouss Versammlungen am Trimester mat den Délégués organiséiert, déi all ënner engem ganz bestëmmten Thema stoungen: 1. Versammlung – Den Startschoss: An dëser éischter Sëtzung kruten d'Klassevertrieder hiren offiziellen Optrag mat der Klass en Thema fir en neie, spannende Schoulprojet se sichen 2. Versammlung – Den Dossier "zesummen Wuessen” : Well mer lo nees an engem Gebai sinn, krut all Klass e Blummendëppen, zesumme mat Buedem an Som. Vun deem Moment un war d'Zesummenaarbecht an de Klassen gefrot, fir d'Planz ze fleegen an se wuessen ze loossen. 3. Versammlung – D'Resultat: An der leschter Versammlung goufen déi grouss, gezillte Planzen feierlech presentéiert an geplanzt. Den 1te Präis goung un 5C5 , den zweeten un 6C1 an den drëtten Präis un 1CB.   Engagement iwwer d'Schoul eraus Net nëmmen intern an der Schoul war de Schülercomité aktiv. D'Membere hunn och reegelméisseg un de Versammlungen vun der CNEL (Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg) deelgeholl, fir d'Interesse vun eise Schüler op nationalem Niveau ze vertrieden an nei Iddien mat zeréck ze bréngen.   Eng verdéngte Belounung Fir dës super Aarbecht, den Asaz an déi vill Stonnen Fräizäit, déi de Comité investéiert huet, gouf et zum Ofschloss eng verdéngte Belounung: E gemeinsamen Ausfluch an den Laser Game, wou de Spaass an de Teamgeescht am Vierdergrond stoungen. Duerno gouf den Dag nach mat engem super leckere Sushi-Iessen ofgeronnt. Fotogalerie

Publié le 04 juin 2026
Auschwitz Stammlager 1

Voyage commémoratif et échange scolaire à Varsovie, Auschwitz et Cracovie

Actualité

Du 13 au 18 avril 2026, les élèves de la classe 3D2G2 du LRSL ont participé à un voyage scolaire à Varsovie, Auschwitz et Cracovie en Pologne. Ce séjour a été rendu possible grâce au soutien financier de l'Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, que nous remercions vivement pour son aide.  Le voyage s'est inscrit dans un double cadre : un échange scolaire avec les élèves du Liceum Edukacji Wieloj?zycznej de Varsovie, et un projet pédagogique consacré à la Seconde Guerre mondiale, à la Shoah, ainsi qu'à l'ouverture européenne des élèves.  Le programme du voyage a alterné visites de lieux de mémoire, découvertes culturelles et activités d'échange. À Varsovie, les élèves ont découvert plusieurs lieux importants de l'histoire polonaise et de la mémoire juive, permettant de mieux comprendre le contexte historique européen du XXe siècle (l'impact de la guerre sur la ville de Varsovie, l'impact de l'antisémitisme sur les communautés juives polonaises...)   La visite du site d'Auschwitz-Birkenau a été l'un des moments principaux du séjour. Elle a permis d'aborder de manière concrète les contenus étudiés en classe autour de la Shoah et du système concentrationnaire et d'extermination mis en place par l'Allemagne nazie pendant la Seconde Guerre mondiale. Les élèves ont découvert l'organisation des camps, leurs différentes fonctions, ainsi que les traces encore très visibles des horreurs perpétrées en leur sein. Notre visite a contribué à mieux comprendre l'ampleur des persécutions, la diversité des victimes et les mécanismes de déshumanisation à l'œuvre dans le système concentrationnaire nazi.  À Cracovie, les élèves ont découvert l'ancienne capitale royale de la Pologne, dont le centre historique et le quartier de Kazimierz témoignent encore aujourd'hui de la présence historique de la communauté juive. Cette étape a permis de compléter le travail de mémoire en abordant la vie des Juifs avant la Seconde Guerre mondiale, et les traces laissées dans l'espace urbain (les élèves ont d'ailleurs eu l'occasion de visiter une synagogue et un cimetière juif).  Enfin, le groupe a visité les mines de sel de Wieliczka, classées au patrimoine mondial de l'UNESCO. Ce site, exploité depuis le Moyen Âge, illustre un aspect important de l'histoire économique et industrielle de la région. Il a permis aux élèves de découvrir une autre partie du patrimoine historique et culturel polonais.  Dans le cadre de cet échange scolaire, les élèves du Liceum Edukacji Wieloj?zycznej de Varsovie étaient au Luxembourg du 23 au 24 mars 2026. Le matin du 23 mars, les élèves ont visité le Lycée Robert-Schuman et ont participé à des activités en classe : répartis en petits groupes, les élèves luxembourgeois et polonais ont appris à se connaître. Au cours d'échanges en langue anglaise, ils ont présenté leurs établissements et leurs systèmes scolaires respectifs.   L'après-midi, nous avons invité les élèves polonais à découvrir Luxembourg à travers une visite guidée du centre-ville, sur les traces de Robert Schuman. Les élèves ont ainsi pu découvrir certains lieux emblématiques liés à l'histoire de la construction européenne.  Le 24 mars, les élèves ont clos leur échange avec une excursion au château de Vianden. Nos partenaires polonais étaient ravis de découvrir l'un des sites historiques les plus emblématiques de l'histoire médiévale et du patrimoine architectural de la région.  Galerie photos

Publié le 22 mai 2026
1

LRSL ATELIER PHYSIQUE

Actualité

Op der Sich nom Undriff vun der Zukunft Eelef Schülerinnen a Schüler vun der Klass 2BC sinn an de leschten Deeg virun der Ouschtervakanz op eng spannend Entdeckungsrees gaangen – ganz am Zeeche vun der Physik an der Mobilitéit vu muer. Am Kader vun der Preparatioun fir de Voyage Scientifique si se déif an d'Welt vu verschiddenen Undriffstechniken agedaucht.   Dag 1 – Wann Theorie op d'Strooss trëfft Am Physik-Atelier stoung als éischt d'Fro am Mëttelpunkt: Wéi beweege mir eis eigentlech fort – a wéi kéinte mir et an Zukunft maachen? D'Schülerinnen a Schüler hu verschidden Undriffstechnike kennegeléiert a se géigesäiteg verglach – hir Funktiounsprinzipien, Virdeeler a Nodeeler. Mä bei der Theorie ass et net laang bliwwen: Mat engem Modellauto goufen d'Undriffskonzepter direkt experimentell getest. Wat op dem Pabeier heiansdo dréchen ausgesäit, gouf op eemol gräifbar – a méi wéi eemol huet en onerwaart Resultat fir richteg Begeeschterung am Raum gesuergt.   Dag 2 – Zu Besuch bei Emile Weber Um zweeten Dag huet de Wee d'Grupp bei d‘Busentreprise Emile Weber gefouert. Vun der éischter Minutt u war d'Empfang häerzlech a waarm – d'Ekipp vun Emile Weber huet d'Schülerinnen a Schüler mat vill Freed a Begeeschterung begréisst a sech Zäit geholl, fir all Froen ausféierlech ze beäntweren. D'Schülerinnen a Schüler mat eegenen Aen gesinn, wéi modern Bussen ugedriwwe ginn – vum klasseschen Dieselmotor iwwer Hybrid bis hin zu vollelektresche Busser. Fachleit vum Betrib hunn erkläert, wéi eng Erausfuerderungen den Ëmstig op méi nohalteg Undriffer mat sech bréngt a wéi d'Transportbranche sech op d'Ufuerderunge vun der Zukunft virbereet. E beandrockende Abléck hannert d'Kulisse vum ëffentleche Verkéier. E grousse Merci geet un d'ganzt Team vun Emile Weber fir den aussergewéinlech häerzlechen Empfang a fir d'Zäit, déi si sech fir eis geholl hunn. Hir Passioun fir hir Aarbecht an hir Bereetschaft, hiert Wësse mat eis ze deelen, huet dëse Besuch zu engem richtegen Héichpunkt vun eiser Preparatioun gemaach.   Eng Preparatioun, déi Loscht op méi mécht Dës zwee Deeg ware wäit méi wéi klassesche Schoulunterrecht. Si hu gewisen, wéi Physik am Alldag stécht – an all Bus, deen eis an d'Schoul bréngt, an an all technologescher Entscheedung, déi eis Mobilitéit präägt. D'2BC ass prett fir de Voyage Scientifique – virwëtzeg, motivéiert, a mat engem zolitte Bléck hannert d'Kulisse vun der moderner Undriffstechnik.

Publié le 21 avril 2026
V8

Visite vum CGDIS

Actualité

Den 11. Februar haten 1 Hëllef-Team an Schüler aus dem 1 Hëllef Kuer Chance , de Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) op der Cloche d'Or ze besichen. Wärend dem Besuch hu mir vill Interessantes gesinn an erkläert kritt. Mir duerften d’ Ambulanzen an de SAMU méi no ukucken an hunn erkläert kritt, wéi dës am Asaz funktionéieren a wéi d’ Ekippe koordinéiert ginn. Et gouf eis och gewisen, wéi d’ Gruppen organiséiert sinn a wéi eng Aufgab jiddwereen am Asaz huet. Demonstratioun, wéi d’ Schläich nom Asaz gewäsch an gedréchent ginn konnte mer materliewen. Mir hunn déi grouss Maschinne gesinn, déi dofir benotzt ginn, an erkläert kritt, firwat dat esou wichteg fir d’ Sécherheet an d’ Liewensdauer vum Material ass. Mir kruten d’ Gebai gewisen an all Departement gouf eis genau erkläert. Um Wee doduerch hunn mir d’ Kichen, de Sportraum wou Personal sech fit hält gesinn. An hiren Dortoir konnte mer och e Bléck erangeheien. An deen wou si sech wärend der Schicht zeréckzéien  a rouen kënnen. E weidere Highlight war den neie Roboter, deen agesat gëtt, fir an den Tunnellen Feier ze bekämpfen. Dat war immens impressionant ze gesinn, wéi modern Technik hei agesat gëtt. Zum Schluss duerfte mir souguer Uniforme probéieren, wat fir vill vun eis e ganz flotte Moment war. Et war eng ganz interessant a léierräich Visite, bei där mir vill iwwer d’ Aarbecht vum CGDIS geléiert hunn. E grousse MERCI un den Här Müller deen eis mat vill Gedold an “Know How” eis déi zwou Stonnen begleet huet. Fotogalerie

Publié le 02 mars 2026
01

Remise du prix Sakharov à Strasbourg

Actualité

15-17 décembre 2025   Le 16 décembre 2025, le LRSL a eu la chance d'assister à la remise du prix Sakharov pour la liberté de l'esprit au Parlement européen. Seuls participants luxembourgeois, nos 4 élèves faisaient partie des 147 élèves EPAS venus de toute l'Europe réunis pour célébrer les valeurs démocratiques européennes. Catherine Back (4C3), Julien Lemmer Veloso (2D), Lara Ribeiro Coimbra (4C3) et Lina Tir (4C4) ont ainsi pu échanger avec les représentants des deux lauréats du prix Sakharov, Andrzej Poczobut (Biélorussie) et Mzia Amaglobeli (Géorgie), tous deux actuellement en prison pour leur engagement en faveur de la démocratie. Nos élèves ont ensuite assisté à la remise du prix. Trois députés européens luxembourgeois, Messieurs Charles Goerens et Marc Angel, ainsi que Madame Martine Kemp, ont pris le temps d'échanger avec nos élèves autour d'une table ronde en plus petit comité, répondant à toutes leurs questions concernant l'avenir de l'Europe et le métier de député européen. En fin de journée, notre délégation a également pu échanger brièvement avec M. Christophe Hansen, commissaire européen luxembourgeois.   Photos : Photo #1 : Nos élèves en compagnie de M. Christophe Hansen et de Mme Martine Kemp Photo #2 : Nos élèves dans l'atrium du Parlement européen de Strasbourg Photo #3 : La remise du prix Sakharov dans l'hémicycle du Parlement européen (photo prise et publiée par le Parlement européen) Photo #4 : Échange avec les députés européens Marc Angel et Charles Goerens Photo #5 : Échange avec les représentants des lauréats et avec des membres du Parlement européen (photo prise et publiée par le Parlement européen)

Publié le 24 février 2026
754364be-ce8b-4e9c-93bf-6f3c856069a6

Schistage Eben im Pongau 2026

Actualité

Vum 5. bis den 10. Januar ware 64 Schüler fir e Schistage zu Eben im Pongau am Jugendgästehaus Lindenhof. No gutt 9 Stonne Bus si mir am Lindenhof ukomm. D’Kummere ware séier verdeelt an et ass schonn direkt seriö gi beim Schi a Schisschong verdeelen. Owes kruten eis Schüler dunn och nach den Oflaf vum Chef Schi Proff dem Mark erkläert.  Den Dag drop ass et dunn endlech richteg lass gaangen, d’Schüler goufen a Gruppen opgedeelt an hunn direkt de Monte Popolo, d’Schigebitt zu Eben im Pongau onsécher gemaach. Mat 6 km Pist ass et effektiv en immens kléngt Schigebitt, mee ideal fir sech déi éischt Deeg anzefueren, an dat bei quasi top Konditiounen, ausser deenen -15 Grad, mee och déi hunn eis net opgehal. Den drëtten Dag war et dunn sou wäit, eis Experte konnten op Flachau, en anert Schigebitt wat a 15 Minutte mam Bus ze erreechen ass. Dëst Schigebitt huet mat 210km Stréck e bëssen eng aner Dimensioun. De véierten, a leider och leschten Dag op der Schipist sinn du souguer d’Ufänger op Flachau gaangen. Och si hunn sech net misse schummen a si souguer déi méi steil Talabfahrt richteg gutt gefuer. Mir sinn awer net nëmme Schi gefuer. Déi Schüler déi dono nach fit ware konnten sech an enger flotter Sportshal nach bëssen auspoweren a natierlech hate mir och Spillowender, Dëschtennismatcher an e Quizowend. Dee leschten Owend hate mir dunn Disco, hei huet et net alt ze laang gedauert bis jiddereen mat gedanzt a gesongen huet. Et war eng immens flott Woch mat deelweis wéineg Schlof mee dofir awer mat immens flotten Erënnerungen. Merci un all d’Begleetpersounen an d’Organisateuren! Fotogalerie

Publié le 29 janvier 2026
01

Rencontre transnationale EPAS au Luxembourg, 19-21 novembre 2025

Actualité

Du 19 au 21 novembre 2025, le Luxembourg a accueilli la rencontre transnationale EPAS (Écoles ambassadrices du Parlement européen) réunissant près de 150 élèves venus d'Allemagne, de France, de Belgique et du Luxembourg. Quatre de nos élèves y ont participé : Ben Eischen (4C4), Sara Gonçalves Martins (4C3) Iliass Khellouk (4C4) et Ylvi Lepage Post (4C3). Sara et Ylvi ont également intégré le Media Team, ce qui leur a permis de participer à la communication officielle du Parlement européen au Luxembourg. Durant les trois jours de l'événement, elles ont notamment alimenté le compte Instagram du Bureau de Liaison du Parlement européen au Luxembourg en réalisant et en publiant des stories. Le premier jour de l'événement, les élèves ont appris à se connaître à travers un rallye urbain qui les a menés à la découverte de la ville et de son histoire. Les deux jours suivants, de nombreux ateliers thématiques ont permis aux élèves comme aux enseignants d'échanger sur les défis actuels de l'Europe : entre autres la démocratie, la participation citoyenne, les droits fondamentaux, le rôle de la jeunesse dans l'UE, et le climat. L'un des moments phares a été la visite de Schengen, village emblématique de l'intégration européenne. Les élèves ont visité le bateau sur lequel ont été signés les Accords de Schengen en 1985, permettant la libre circulation des personnes entre aujourd'hui 29 États européens. Les élèves ont également visité le musée de Schengen, où ils ont pu comprendre l'importance de ces accords, qui sont au cœur de leur vie quotidienne. La rencontre s'est conclue par une conférence Q&A avec plusieurs membres du Parlement européen : Katarina Barley (Vice-présidente du Parlement), Tilly Metz (les Verts / Alliance libre européenne) et Fabienne Keller (Questeure du Parlement). Les élèves ont eu l'opportunité de poser leurs questions sur les enjeux actuels de l'Union et sur les perspectives pour la jeunesse européenne. Cinq de nos élèves de 1ère se sont joints à cette discussion : Alexia Gonzalez da Cruz (1D1), Flavia Lippert (1D2), Annabelle Ortjens (1D1), Martin Sala? (1B) et Laura Schreiner Ruiz (1D1).

Publié le 13 janvier 2026
IMG 5891

2A-LLCO - Projet Eloquentia

Actualité

'Prends la parole!' war de Motto op der 2A-LLCO an der Woch vum 17.-21. November. An zwou Gruppen, geleet vun zwee Animateuren déi extra vu Paräis ugereest waren, hunn 21 SchülerInnen sech op den 'art de la parole' konzentréiert. Wärend dräi Stonnen, all Dag, hunn si op franséisch geléiert, sech iwwerzeegend auszedrécken. Wéi präsentéiert een seng Iddien am beschte fir Leit ze iwwerzeegen? Wéi iwwerwënnt een seng Angscht, seng Meenung virun engem Grupp auszedrécken? Et waren intensiv Exercicer – oft en Challenge – mee no dësem Coaching war d'Satisfaktioun grouss a véier SchülerInnen ware bereet un dem Concours d'éloquence deel ze huelen: d'Hannah Eser, d'Jil Seiwert, d'Héloïse Nesser an de Luca Carosone. Den 28. November, trotz Prüfungszäit, hunn si an der Abei Neumünster virun engem grousse Publikum, hir Texter zum Thema 'Fair Fashion' virgedroen. Niewt dem Lycée Robert-Schuman waren och nach folgend Schoulen present: den Nordstad Lycée, de Lycée Vauban, d'Ecole Internationale vun Mondorf, de Lënster Lycée an d'Ecole privée Fieldgen. Vun all Schoul si SchülerInnen a binômes opgetrueden. D'Konkurrenz war grouss: verschidde Presentatiounen hu carrement un Ted-Talks erënnert, mat ganz prezisem Timing an enger reegelrechter Choreographie. D'Hannah, d'Jil, d'Héloïse an de Luca hu kee Präis kritt, mee si waren awer ganz frou iwwert déi Experienz déi si do gemaach hunn. Op der Bün waren si souverän an hu mat hiren originellen Iddien iwwerzeegt. E grousse Bravo un eis talentéiert public speakers!

Publié le 17 décembre 2025
DSCF2027

Präis- a Scheckiwwerreechung vum LRSL Fairtrade Laf 2025

Actualité

Den 18. Juni 2025 waren d’Gewënner vum Fairtrade Laf zesumme mat de Vertrieder vun den Organisatioune Fairtrade Lëtzebuerg, Padem, LUkraine an 2care2share invitéiert, fir a Präsenz vun der Direktioun den Ofschloss vum Fairtrade Laf ze feieren. Eis engagéiert Schüler a Schülerinne vum Fairtrade Comité hunn sech net gescheit, fir an de Mikro ze schwätzen an hunn op eng flott Manéier duerch de Programm geféiert. Als éischt hunn d’Leefer a Leeferinnen hir Präisser an Zertifikaen houfreg entgéintgeholl. Duerno hunn d’Vertrieder vun de 4 Organisatioune jeeweils e Scheck iwwer 1200 Euro iwwerreecht kritt. Uschléissend haten si d’Geleeënheet, fir der Audienz e klengen Iwwerbléck iwwer hir Organisatiounen an d’Verwendung vun eise Spenden ze presentéieren. Fir 2care2share waren et d’Grënnungsmemberen, d’Madame Mette Garby an den Här Jean-Philippe Bailly, zesumme mat der Madame Nathalie Post. Si hunn zu Arusha am Tansania e Weesenhaus opgebaut, wou säit 2017 iwwer 20 Kanner mat vill Léift betreit ginn. Si kréien d’Chance, eng gutt Schoul ze besichen an domat eng  Perspektiv fir e Liewen an Dignitéit. D’Organisatioun 2care2share sicht och ëmmer jonk Leit ab 17-18 Joer, déi bereet sinn, e Volontariat am Weesenheem ze absolvéieren. D’Julie Beckius, Schülerin vun enger 2e am LRSL, huet sech dofir gemellt an trëtt an e puer Wochen d’Rees op Arusha un. Mir wënschen him vill Erfolleg a freeën eis, fir Nouvellë vun him ze kréien ! Fir Padem (Programmes d’Aide et de Développement destinés aux Enfants du Monde) huet d’Madame Dominique Noirjean e Projet presentéiert, dee mir schonn säit enger Rei vu Joren duerch Spenden ënnerstëtzen. D’Zil ass, fir an der Regioun Matam am Senegal géint d’Exploitatioun vun den Talibés Kanner unzegoen. Déi extrem Aarmut dreift vill Familljen dozou, hir Jongen - wäit ewech vun doheem - a Koranschoulen ze schécken, an der Hoffnung op e bessert Liewen. Leider ginn d’Kanner do awer oft mësshandelt an dozou gezwongen, heeschen ze goen oder schwéier a geféierlech Aarbechten ze maachen. De Projet vu Padem huet als Zil, d’Kanner vun der Strooss ze huelen, hir Rechter ze stäerken an hir Liewenskonditiounen an Ausbildung ze verbesseren. Fir Fairtrade Lëtzebuerg huet den Här Steven Urbanski d’Madame Florence Plet-Vincioni, déi zoustänneg Persoun fir d’Fairtrade Schoulen, vertrueden. Hien huet d’Regioun Kivu am Oste vun der D.R. Kongo presentéiert, déi bekannt ass fir de kommerziellen Ubau vu Kaffi, och vu Fairtrade Kaffi. Mat eise Spende bedeelege mir eis un engem Projet vu Fairtrade Lëtzebuerg, fir am Kivu eng Kaffisréischterei opzebauen an domat nei Aarbechtsplazen an e Revenu fir d’Leit an der Regioun ze schafen. Fir d’LUkraine, déi mir säit 3 Joer ënnerstëtzen, war den Här Ievgenii Smoliak komm. Hien huet eis matgedeelt, datt eis Spenden agesat gi fir déi mental Gesondheet vun ukrainesche Kanner ze stäerken, déi ënnert de Suite vun deem brutale Krich géint hiert Land leiden. Fotogalerie

Publié le 04 juillet 2025
DSCF1933

Holzgau 2025

Actualité

Vum 2. bis den 7. Juni waren 42 2e an 3e Schüler mat 6 Begleetpersounen zu Holzgau. An enger wonnerschéiner Landschaft ëmginn vun Bierger an dem Floss Lech hunn si eng Réih sportlech Aktivitéiten ugebueden kritt, an et war wuel fir jiddereen eppes dobäi. Mir sinn wanderen gaangen, E-Mountainbike gefuer, hunn Yoga mat Panorama Bléck gemaach, waren um Lech rafting fueren, an och am Boot Camp konnten d’Schüler weisen wéi fit a motivéiert si waren. Mir waren och vill klammen fir d’éischt an de Kloterpark, dunn op enger natierlecher Fielswand, an déi mat ganz vill Courage, hunn d’Via Ferrata gemaach. Moies haten d’Schüler och deelweis méi gemittlech Atelieren. Si hunn geléiert Guitar spillen, wärend dem Foto Atelier goufen immens flott Fotoen geholl, an si duerften an der Kichen mathëllefen. Eenzel Schüler haten sech och ugemellt fir déi lokal Brennerei Lechtaler Haussegen kucken ze goen, wann een al genuch war krut een hei och eppes ze schmaachen. Dee véierten Dag hunn mir Nomëttes en Dagesausfluch op Schwangau gemaach. Hei hate mir eis opgedeelt; ee Grupp huet de Wellness an d’Thermalbäder genoss an déi aner waren d’Schlass Neuschwanstein besichtegen. Owes war och all Méigleches um Programm, mee hei waren d’Highlights ganz kloer d’Gaudi Hütt an d’Lagerfeier, wou bis zum Schluss gedanzt a gesonge ginn ass. No dëser Woch voller Sport war et am Bus fir Heem och zimmlech roueg an deen een oder anere war och ganz frou, dass mir Méindes e Feierdag haten fir ze raschten.  Fotogalerie

Publié le 18 juin 2025