Austausch mam Liceum Civitas vun Warschau (Polen)
Description
De Liceum Civitas vun Warschau huet eis kontaktéiert fir op hirer Visitt zu Lëtzebuerg en Austausch mat eise Schüler ze hunn.No enger Visitt Guidée duerch eist Gebai a puer Erklärungen iwwer de lëtzebuergesche Schoulsystem, hunn si eis 4C3 kenne geléiert. Zesummen haten d’Schüler d’Méiglechkeet sech iwwer hier Interessen an déi ënnerschiddlech Schoulsystemer op Englesch auszetauschen.
D’Mëttegiessen zesummen huet d’Bezéiungen zwëschent eise Schüler an hire Matkollegen aus Polen zousätzlech gestäerkt. No der Mëttesstonn si mir dunn all zesummen an d’Staat gaangen a waren op de Spuere vum Robert Schuman, a mir hunn en Abléck a säi Liewen hei zu Lëtzebuerg kritt.
D’Schüler sinn immens gutt mateneen eens ginn an éier eis Weeër sech du leider rëm getrennt hu goufe schnell nach puer Nummere getosch. Mir hunn et en immens flotten Austausch fonnt an iwwerleeën lo scho wei mir weiderhi mam Liceum Civitas a Kontakt bleiwe kënnen.