pm team lite

 

S-Team vum LRSL

   

   

Fir déi sozial Kompetenzen vun eise Schüler ze förderen an ee positivt Schoulklima ze schaafen, bedeelegt sech de Lycée Robert-Schuman säit dem Schouljoer 2001-02 um Projet „Peer-Mediation am Schoulalldag“. Ënnert der Leedung vum Service National de la Jeunesse (SNJ) a vum SCRIPT hunn d’Schüler d’Méiglechkeet, eng zertifiéiert Ausbildung zum Peer Mediator ze absolvéieren. 

Esou ass ee Grupp vu Schüler aus all Alterskategorien entstaanen, déi d’Formatioun zum Sträitschlichter ofgeschloss hunn. Mat der Method vun der „Peer Mediation“ hëllefe si aner Schüler dobäi, ee Konflikt respektvoll ze léisen. Doniewt engagéiere si sech fir d'Präventioun vu Mobbing a Gewalt. Den "S-Team" trëfft sech regelméisseg fir sech auszetauschen an Aktivitéiten ze plangen a gëtt vun sengem Coachteam dobäi begleet. Wann dir hir Ënnerstëtzung braucht, da mellt iech bei eise Peer Mediatoren / am SSE (Tel: 228214-222) 

Info: https://s-team.lu/