Vum 5. bis den 10. Januar ware 64 Schüler fir e Schistage zu Eben im Pongau am Jugendgästehaus Lindenhof.
No gutt 9 Stonne Bus si mir am Lindenhof ukomm. D’Kummere ware séier verdeelt an et ass schonn direkt seriö gi beim Schi a Schisschong verdeelen. Owes kruten eis Schüler dunn och nach den Oflaf vum Chef Schi Proff dem Mark erkläert.
Den Dag drop ass et dunn endlech richteg lass gaangen, d’Schüler goufen a Gruppen opgedeelt an hunn direkt de Monte Popolo, d’Schigebitt zu Eben im Pongau onsécher gemaach. Mat 6 km Pist ass et effektiv en immens kléngt Schigebitt, mee ideal fir sech déi éischt Deeg anzefueren, an dat bei quasi top Konditiounen, ausser deenen -15 Grad, mee och déi hunn eis net opgehal.
Den drëtten Dag war et dunn sou wäit, eis Experte konnten op Flachau, en anert Schigebitt wat a 15 Minutte mam Bus ze erreechen ass. Dëst Schigebitt huet mat 210km Stréck e bëssen eng aner Dimensioun. De véierten, a leider och leschten Dag op der Schipist sinn du souguer d’Ufänger op Flachau gaangen. Och si hunn sech net misse schummen a si souguer déi méi steil Talabfahrt richteg gutt gefuer.
Mir sinn awer net nëmme Schi gefuer. Déi Schüler déi dono nach fit ware konnten sech an enger flotter Sportshal nach bëssen auspoweren a natierlech hate mir och Spillowender, Dëschtennismatcher an e Quizowend. Dee leschten Owend hate mir dunn Disco, hei huet et net alt ze laang gedauert bis jiddereen mat gedanzt a gesongen huet.
Et war eng immens flott Woch mat deelweis wéineg Schlof mee dofir awer mat immens flotten Erënnerungen. Merci un all d’Begleetpersounen an d’Organisateuren!
Fotogalerie