musique

Département d'Education musicale


Nulla vita sine musica! - Kein Leben ohne Musik!

Final destination version 3

 

Das Fach Musik  ist ein fester Bestandteil  unserer Schule. Es hat die Aufgabe die Schülerinnen und Schüler dabei zu unterstützen, ihr musikalisch-ästhetisches Denken und Handeln auszubilden, sowie individuelle kreative Tätigkeit anzubahnen und zu realisieren.


Chrëschtconcert am LRSL
 

Mat vill Elan hunn 7e Klassen en Dënschdeg de Moien um Wantermaart  op der Bün am Festsall Chrëschtlidder virgedroen an esou fir déi néideg Ambiance gesuergt. Hei e puer Impressiounen vun hiren Optrëtt.
 

Fotogalerie


Chrëschtstëmmumg am LRSL

Och wann dëst Joer wéinst dem Covid 19 kee Chrëschtmaart am LRSL statt fanne konnt, hunn sech d’ Schüler vun de 7e Klassen  et  sech net huele gelooss fir virun der Vakanz am Musekscours fir déi néideg Chrëschtstëmmung ze suergen. Mat Museksinstrumenter a Boomwhackers gouf fläisseg doheem respektiv an der Schoul geprouft, Choreographieën zum Danzen astudéiert a mat Apps experimentéiert a  komponéiert.  An der leschter Schoulwoch hunn déi Jonk hiert Kënnen de Klassekollegen presentéiert an sou fir munnech Iwwerraschung gesuergt.
 


Wir basteln ein Musikinstrument

Am zweeten Trimester 2020 hunn d’Schüler vun deene fënnef 7e Klassen wärend zwou Wochen doheem e Museksinstrument  aus Offallprodukter gebastelt. Dobäi goufen Chipsdousen, Jughurtsbecheren, Kartrongskëschten,Wäschmëttelbehälter, Fläschen,  Konservendousen a.s.w.  op eng kreativ an dekorativ Aart a Weis mat neiem Liewen erfëllt. All eenzel  Virgäng hunn d’Schüler op enger Plattform am Internet dokumentéiert  an duerno an der Klass virgestallt. Sou konnt jiddereen d’Aarbechtschrëtt an den Zäitopwand zu dem eenzelen Instrument novollzéien. Den Tountest  an eng  kléng Kostprobe um Instrument  hu vir e gelongenen  Ofschloss gesuergt. D’Instrumenter sinn an de Vitrinne virum dem Festsall bis Pënschtvakanz ausgestallt.

 


7e - Let’s sing 2019 im LRSL

Am Donnerstag, den 20. Juni 2019 fand das alljährige Event „7e let’s sing“ im Lycée Robert-Schuman statt. Der Festsaal war bis auf den letzten Platz besetzt als alle 7e Klassen unter der Leitung von Frau Wolter zum Auftakt gemeinsam das Lied „Havana“ von Camila Cabella sangen. Danach stellte jede Klasse einzeln ihr musikalisches Können zur Schau. Mit Tänzen, instrumentalen und vokalen Einlagen, Sketchen und Videos sorgten die Schüler während zwei Stunden für viel Abwechslung und überraschten so manche Mitschüler, Eltern und Lehrer mit ihrem Auftritt. Die Direktorin Frau Remakel lobte alle Mitwirkenden für das vielseitige Programm und das Publikum dankte mit begeistertem Applaus.

 


7e – Let’s sing 2018 im Lycée Robert-Schuman


Ausstellung "Musik beschreiben"

D' 7e Klassen aus dem LRSL hunn an hirem Musekscours am 2e Trimester analyséiert wéi een e Museksstéck komponéiert. Doropshin hunn si Ideeën gesammelt wéi déi Musek beschreiwen kann an goufen kënschtleresch aktiv. Si hunn hir Begrëffer op engem Blat duergestallt. Des Wierker kann een am Gang um Rez-de-Chaussée vum ale Gebai gesinn. E grousse Merci geet un den Här Laures, hien huet sech iwwerluecht wie een et am beschten presentéieren kéint an huet dofir wärend senger Vakanz och fläisseg gebastelt. (KIPCHEN Michel, 7C3)

  


7e – Let’s sing 2017 im Lycée Robert-Schuman

Mat grousser Freed hunn och dëst Joer erëm d’ 7e Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman fir en onvergiesslechen Owend am LRSL gesuecht an hiert musikalescht Kënnen op dem Event “7e let’s sing” en Donneschdeg, den 11. Mee ënner Beweis gestalt. Lass gung et all zesummen mat dem Ouerewuerm “Tage wie diese” vun den Toten Hosen. Duerno huet all eenzel Klass mat diversen Popsongs, klasseschen Insrumentalstëcker, Danz, Sketcher an Trickshots d’Pubilkum matgerappt an esou eng ofwiesslungsräich Show gebueden. Zu den Highlights vum Owend hunn “Grand Piano “ vum Nicki Minaj, “TNT” vun AC/DC an “den Hoppen Théid am LRSL” gezielt. Mat “Les liens de l’amitié” vu Kid’s United huet den Owend ofgeschloss. Fir déi gelongen Optrëtter goufen d’Schüler mat engem kräftegen Applaus vun Publikum belount.

 


Back to the roots 2017


Den 31. Mäerz huet de Lycée Robert-Schuman séi rouden Teppech erëm ausgeluecht fir seng fréier Primaner bei sech ze empfänken. Vun den Universitéiten vun Aberdeen, Bayreuth, Bochum, Bréissel, London, Oochen, Utrecht a Lëtzebuerg koumen si fir hier Studien deenen aktuelle Schüler vun 1re an 2e hir Uni ze presentéieren, an si iwwert Opnambedingungen, Virbereedungen vu Coursen an Examen, Käschten, Transport an Wunnméiglechkeeten souwéi d’Liewen um Campus ze informéieren.

D’Organisatioun vum Owend louch an den Hänn vun der 1re Optioun Musek déi fir déi richteg Ambiance an de musikaleschen Encadrement gesuecht huet. Bei engem klénge Maufel konnten déi Jugendlech sech iwwert eventuell Problemer an Experienzen beim Studium a Beruff austauschen a mat enger Erënnerungsfoto vu Schüler a Professeren den Owend fir ëmmer festhalen.

Fotogalerie


LRSL on stage 2016

A place to be - Am Donnerstag den 30.06.2016 fand das alljährige Konzert des LRSL statt. Die Schüler der 3e und 2e Musikoption, sowie die Bigband und Specialguests boten eine spektakuläre Musikperformance.

Das Highlight des Abends war die Verleihung des Robby-Awards, welche in diversen Kategorien an die Professoren verliehen wurden. Das Publikum dankte den jungen Künstlern, mit großem Beifall, für die gelungene Show.

Fotogalerie

  


7e – Let’s sing 2016 im Lycée Robert-Schuman

Die Veranstaltung „7e - Let’s sing“ ist mittlerweile fester Bestandteil des kulturellen Veranstaltungskalenders des Lycée Robert-Schuman. Kürzlich stellten die rund 114 Septimaner ihr Talent und ihr Können in Gesang, Tanz, Klavier und Film vor ihren Eltern und ihren Lehrern unter Beweis. Die verschiedenen Darbietungen waren während des wöchentlichen Musikunterrichts sowohl gemeinsam als auch einzeln unter der Leitung von Frau Edith Wolter einstudiert worden. Das Publikum zeigte sich rundum beeindruckt von der abwechslungsreichen Show und der Gruppendynamik und belohnte die Jugendlichen mit langanhaltendem Applaus.

Fotogalerie

     

Professeurs

Edith WOLTER