Logo 2017 hp

  

   

"Fënnef vir Zwou"


Säit elo scho 7 Joer ass de « Fënnef vir Zwou » erfollegräich als Schülerzeitung am LRSL aktiv. Et ass eng Zeitung vu Schüler fir Schüler, a gëtt vu Schüler vu 7eme bis 1ère gemaach. Si schreiwen net just iwwert d’Eventer an der Schoul, wichteg Noriichten, mee och Reportagen zu Sujeten, déi si interesséieren. Ganz besonnesch beléift ass awer natierlech de vum Feierkrop gesponserte Schumanskrop.

Nieft der Schülerzeitung ass de Fënnef vir Zwou awer och säit elo 5 Joer op de Bicherdeeg zu Walfer aktiv. D’Schüler schreiwen a produzéieren do den offizielle Flyer. Donieft mécht d’Schülerzeitung vum LRSL reegelméisseg bei Projete mat. Esou huet de Fënnef vir Zwou z.B. d’Chefredaktioun bei enger Sonderausgab vu Schüler vum Tageblatt 2018 iwwerholl. Säit dësem Schouljoer schreiwen d’Schüler aus eiser Redaktioun all puer Wochen en Artikel fir den Télécran.

De Fënnef vir Zwou gëtt zur Zäit vu ronn 25 Schüler produzéiert, an erschéngt 3 Mol d’Joer. Donieft maachen d’Schüler vun der Redaktioun och eist Yearbook a Premièresbuch.