De Fënnef vir Zwou am Télécran

De Fënnef vir Zwou ass houfreg säit dësem Joer eng Kooperatioun mam Télécran ze hunn, wou eis Schüler all puer Wochen een Artikel fir den Télécran verfaassen. Eise Primaner de Ben Stemper huet den Ufank gemaach an iwwer e puer Wochen d’Lëtzebuerger Politik am Télécran kommentéiert. Virun de Walfer Bicherdeeg war et Pauline Cano vun eiser 4eme, dat sech Gedanken iwwert d’Zukunft vum Buch gemaach huet.
 

Télécran


 

De Fënnef vir Zwou op de Walfer Bicherdeeg 2018


Och dëst Joer war d’Schülerzeitung “Fënnef vir Zwou” op de 24. Walfer Bicherdeeg fir Samschdes a Sonndes dat offiziellt Infoblat vun de Bicherdeeg ze maachen. D’Schüler hunn Interviewe mat Auteuren, Aussteller, Politiker a Besicher gemaach, un de Veranstaltungen deelgeholl. Scho Samschdes Moies war den éischte Flyer fäerdeg a konnt verdeelt ginn. De Schüler vu 7eme bis 1ère an dem Här Wildanger huet et och dëst Joer erëm vill Spaass gemaach dëst Infoblat ze produzéieren, an d’Schüler krute schonn eng 5. Kéier en Abléck wéi Journalismus am Alldag funktionéiert.


 

LRSL Schülerzeitung "Fënnef vir Zwou" am Tageblatt

Den 3. Mee koum beim Tageblatt eng Sondereditioun eraus, déi just vu Schüler geschriwwe ginn ass. Och de "Fënnef vir Zwou" vum LRSL huet hei deelgeholl, a mam Gianni DiPaoli souguer de Chefredakter vun dëser Editioun gestallt. D'Schülerzeitung vum LRSL huet sech am Tageblatt mam Thema Presse- a Meenungsfräiheet, an der politescher Entwécklung an Europa beschäftegt. Donneschdes den 3. Mee waren d'Schüler dunn beim Tageblatt invitéiert a krute fir hire Bäitrag Merci gesot.


Live Video
Artikel Tageblatt
 


 

„Fënnef Vir Zwou“ zu Besuch am Ausseministère

De 26. Mäerz 2018 war moies en Deel vum Team vun der Schülerzeitung „Fënnef Vir Zwou“ zu Besuch am Ausseministère fir den Ausseminister, den Här Jean Asselborn, ze treffen. Am Kader vum Dag vun der Pressefräiheet, den den 3. Mee ass, huet d'Schülerzeitung un engem Projet vum Tageblatt deelgeholl, den doraus bestanen huet, dass déi Jonk Schüler aus der Primärschoul an aus de Lycéeën aus dem ganze Land fir den Dag hir eegen Ausgab vum Tageblatt erausbréngen.

D‘Schülerzeitung vum LRSL huet sech engagéiert fir iwwert d'Aussepolitik ze schreiwen, a si hu sech mam Thema Rietsruck an Europa befaasst, an dofir ass ee bal net derlaanscht komm den Här Asselborn zu der Thematik ze befroen. Den Ausseminister huet sech dunn och direkt interesséiert gewisen. Den Här Wildanger huet du spontan e Rendezvous mam Här Asselborn ausgemaach, deen extra trotz sengem vollen Zäitplang eng Stonn fir déi engagéiert Schüler Zäit geholl huet. Tëscht senge Reesen a Spuenien an Albanien, ass en Deel vum Team vum "Fënnef vir zwou" an den Ausseministère gaangen.

Den Ausseminister war ganz begeeschtert, kënnen un dem Projet deel ze huelen. Hien huet sech direkt d'Äermel eropgekrämpelt an sech de Froe vun de Schüler gestallt, a war ganz gespréicheg, esou ewéi een den Här Asselborn och kennt. No enger gudder Stonn, a villen zum Deel och ganz komplexe Froen zur Zukunft vun Europa an der Gefor, déi Rietspopulismus fir Europa bedeit, huet de Minister sech missen op de Wee op de Findel maachen, well hie schonn erëm an d'Ausland huet misse fléien.

D'Redaktioun vum "Fënnef vir Zwou" huet him als Merci nach eng Kaffistaass an e Kaartespill vum LRSL iwwerreecht. Déi Extraausgab vum Tageblatt kënnt dann den 3. Mee eraus a gëtt bei all normal Ausgab vum Tageblatt bäigeluecht. D'Chefredaktioun vun der „Fënnef Vir Zwou“ krut och ausserdeem déi grouss Éier kënnen d'Chefredaktioun vun dëser aussergewéinlecher Ausgab vum Tageblatt ze iwwerhuelen.
 


 

Yearbook


2017 gouf dann och nach e ganz neie Projet an d’Liewe geruff: e Yearbook fir de Lycée Robert-Schuman. Dëst Buch soll souwuel Fotoe vun all de Klasse vum jeeweilege Schouljoer wéi och eng Chronologie mat all den Evenementer vum Lycée enthalen.


 

De „Fënnef vir Zwou“ op de Walfer Bicherdeeg 2017

Schonn déi 4. Kéier waren d’Schüler vun der LRSL Schülerzeitung op de Walfer Bicherdeeg fir een Infoblat fir d’Besicher ze maachen. Dëst Joer huet d’Team souguer net just ee sou een Infoblat verfaasst, mee esouguer zwee. Eent fir Samschdes an eent fir Sonndes.

Ënnert der Leedung vum Här Wildanger war een Team vun eelef Schüler aus dem LRSL den 18. an de 19. November op de Bicherdeeg ënnerwee. D’Schüler hunn Auteuren, Prominenz, Politiker an och Aussteller interviewt, sech Gedanken iwwert de Motto „Kreativitéit“ gemaach, an d’Veranstaltunge besicht.
 

D’Schüler kruten an hirer Paus eng gutt Mëtsch vun der „Patisserie Winandy“ vun der Kalchesbréck gesponsert. Nieft der Aarbecht, an natierlech och dem Stress huet d’Aarbecht op de Bicherdeeg dem Team awer och dëst Joer erëm vill Spaass gemaach.

D’Schüler hunn net just d’Artikele geschriwwen, mee och de Layout vum Blat iwwerholl. Si hu missen hir Artikelen ewéi richteg Journalisten direkt schreiwen fir d’Deadline anzehalen. Esou sinn d’Bicherdeeg all Joer eng flott Erfarung fir eis Schüler fir ze gesinn, ewéi am Dagesjournalismus geschafft gëtt.

 WalferBicherdeeg 2017  (694.54 Ko)

 

Don fir d'Schülerzeitung "Fënnef Vir Zwou"

E Freideg den Owend gouf eiser Schülerzeitung "Fënnef vir Zwou" eng besonnesch Éier zu Deel. Passend zum 5. Gebuertsdag konnten déi zwee Chefredakteren Elsa Hengel an Gianni Di Paoli zesumme mam Félix Weber, der Madame Wolter an dem Här Wildanger eng kulturell Auszeechnung vum Lënster Bicherclub entgéint huelen. Si kruten een zudeem ee Check iwwer 2.500 Euro iwwerreecht. E grousse Merci vun der Redaktioun un de Lënster Bicherlub fir dës Auszeechnung.


Lënster Bicherclub
Lënster Bicherclub Luxemburgensia op Facebook


 

Walfer Bicherdeeg 2016


Nieft der Zeitung huet d’Team vu “Fënnef Vir Zwou” awer och nach aner Projeten. Zënter 2014 sinn nämlech ëmmer eng Rëtsch Leit am November op de Walfer Bicherdeeg aktiv fir dat offiziellt Info-Blat ze produzéieren, dat dann un de Public verdeelt gëtt. Dorobber fannen sech interessant Interviews a Bäiträg iwwert den Oflaf vum Evenement.


 

Kaartespill


Fir hiert fënneft Bestehungsjoer ze feieren huet d’Team vu “Fënnef Vir Zwou” hiert eegent Kaartespill mat eegenem Design kreéiert. Dozou gehéieren nei Symboler, e markante Kaarteréck a Proffekarikaturen amplaz vu Bauer, Dame, Kinnek an Joker.


 

Außendienst

Schüler des Lyçée Robert Schuman verlegen auf den Bicherdeeg zwei Sonderausgaben ihrer Schülerzeitung

 

Vor gut drei Jahren wurde dem jungen Lehrer Luc Wildanger von einer Schülerin die Frage gestellt, ob man im Lyçée Robert Schuman nicht vielleicht eine eigene Schülerzeitung verlegen könne. Wildanger war auf Anhieb von der Idee angetan: Unter seiner Koordination erscheint seither dreimal im Jahr eine 28-seitige Schülerzeitung, bei der junge Leute von der siebten bis zur dreizehnten Klasse in ihrer Freizeit eine Hand mit anpacken. Verkauft wird die Publikation für zwei Euro im hauptstädtischen Gymnasium.


Seit Mittwoch verfügt die Redaktion der Lyçée Robert Schuman-Schülerzeitung eine Art Außenstelle in Walferdingen, um vor Ort das Geschehen auf den Bicherdeeg in Wort und Bild festzuhalten. Die Berichterstattungen über die Buchmesse erscheinen in zwei vierseitigen Sonderausgaben der Schülerzeitung, die vor Ort gedruckt und gratis an die Besucher verteilt werden: Eine Ausgabe am Samstag, eine weitere am Sonntag.


Vor zwei Tagen wurde angefangen, Material für die Beiträge zu sammeln: In der ersten Ausgabe finden die Leser unter anderem Interviews mit einigen Buchpräis-Laureaten und eine Reportage über die feierliche Preisverleihung. Die Schüler würden sehr selbständig arbeiten, unterstreicht Wildanger, seine Aufgabe beschränke sich lediglich auf das Überlesen der fertigen Artikel.

 

Arbeiten unter Druck
 

Anders als etwa beim Verfassen der Beiträge für die am Ende jedes Trimesters erscheinende Zeitung müssen die jungen Redakteure in Walferdingen unter Zeitdruck schreiben. Insbesondere für die Sonntagsausgabe werden die Schüler schneller produzieren müssen, als sonst. Wildanger schließt nicht aus, dass seine Redakteure am Samstag bis spät Abends vor dem Rechner sitzen müssen, um das Gros der Texte für die Sonntagsausgabe fertigzuschreiben. „In der Samstagsausgabe berichten wir über alle Veranstaltungen, die samstags vor 11.00 über die Bühne gehen“, erklärt Wildanger. Selbstverständlich auch über die Lesung der deutschen Autorin Ingrid Noll, die gestern Abend die Bicherdeeg als Ehrengast mit ihrer Präsenz beglückte.

„Teamwork“ ist eines der Schlüsselwörter für das Gelingen der Sonderzeitung. Während einige Schüler fleißig Informationen sammeln, um später dann zuhause oder in Walferdingen die Artikel auf Luxemburgisch, Deutsch, Französisch oder Englisch zu verfassen, kümmern sich andere um das Layout. Gedruckt wird um die Mittagszeit, kurz darauf verteilen ehrenamtliche Mitarbeiter der Bicherdeeg die vierseitigen Produkte an das Publikum. Über die Höhe der Auflage möchte Wildanger nicht sprechen, da man sich noch keine Gedanken darüber gemacht hat. Einige Mitglieder des Schülerzeitungsteams haben sich indes aber schon konkrete Gedanken über ihre berufliche Zukunft gemacht. Da seien ein paar dabei, die nach dem Abitur wahrscheinlich Journalismus studieren würden, berichtet Wildanger.

Artikel 13.11.2014: http://www.journal.lu/article/aussendienst/