Fonds national de la recherche 2

Voyage scientifique 2023

Wärend eiser onvergiesslecher Klasserees mam Zuch duerch Frankräich vum 3. bis den 8. Juli 2023, hate mir e faszinéierenden Abléck an d'Wëssenschaft, d'Geschicht an d'Kultur vum Land kritt. Den éischten Dag, Méindes, hu mir e spannenden Ufank gemaach mat enger Visitt vum Panthéon zu Paräis. Do konnte mir dem Léon Foucault säi weltberüümt Experiment gesinn, mat dem hien 1851 d'Rotatioun vun der Äerd noweise konnt. Owes si mir bis ganz erop op d‘Tour Montparnasse gaangen, wou mir déi schéi Skyline vu Paräis konnte genéissen.

Dënnstes war e besonnesch interessanten Dag. Mir konnten d'Wëssenschaft an der Cité des Sciences erliewen. Nieft der fräier Visitt vun de verschiddenen Beräicher hu mir zousätzlech eng flott Virstellung am Planétarium gesinn a konnten an engem Workshop mat Hëllef vu kënstlecher Intelligenz Roboter trainéiere fir zum Schluss eng spannend Course ze fueren. Owes ware mir zesummen iessen an hunn eng fréier Schülerin aus dem LRSL begéint, déi eis e bësschen iwwer d'Liewen an de Studium zu Paräis erziele konnt.

Mëttwochs war een Dag am Sënn vun de Museeën. Mir hunn ugefaange mat der Visitt vum Musée Marie Curie, wou mir méi iwwer déi bedeitend Wëssenschaftlerin an hier Aarbechte gewuer gi sinn. D'Visitt vum Musée des Arts et Métiers ass eng spannend Chance gewiescht, fir d'technesch a kulturell Hannergrënn vun der Zivilisatioun ze entdecken. Owes hu mir Paräis verlooss fir mam Zuch weider op Brest ze fueren. Et war e richtege Kulissewiessel: no der ganzer Hektik aus der Haaptstad, war et richteg erhuelsam fir Owes op der Gare vu Brest unzekommen, an duerch déi eidel Stad ze trëppelen, wou een ausser e puer Méiwen net vill Kaméidi héieren huet. Mam Sonnenënnergang am Horizont hu mer dunn eng Gondel geholl fir bis an de Quartier vun eisen Appartementer ze kommen. Hei hu mir de Rescht vun der Rees verbruecht, an haten esou 3 Deeg Zäit fir des Marinestad ze erliewen.

Donneschdes war du besonnesch, well mir moies ganz fréi gestart si fir mat Zuch a Bus op Concarneau am Südwesten ze fueren. Dëst charmant Fëscherstad huet eis mat senge verschiddenen Stränn, leckere bretonesche Galetten an historeschen Attraktioune begeeschtert. An der Station Marine zu Concarneau hu mir un Atelieren deelgeholl, déi ons d'Miereserfuerschung méi no bruecht huet. Dat ganzt war net nëmmen theoretesch, mee Mëttes si mir dunn och mat Eemer an Netzer an d'Fielse beim Mier gaange fir selwer déi verschiddenste Liewewiesen ewéi Muschelen a Krabben anzefänken. Am Laf vum Owend si mer dunn erëm zeréck op Brest gefuer.

Freides hu mir dunn d'ENIB (école nationale des ingénieurs de Brest) besicht an een Abléck an d'Ingenieurswëssenschaft geworf. An verschiddenen Ateliere konnte mir och hei selwer Roboter programméieren. Am Nomëtteg hu mir den Océanopolis zu Brest besicht, wou mir déi faszinéierend Welt vun de Mieresbewunner méi genau beobachte konnten. Samsdes war et du leider och schonn eriwwer a mir hunn den Dag am Zuch fir heem verbruecht.

Dës Klasserees huet eis en Deel vun der Wëssenschaft an och der Kultur a Frankräich vermëttelt. Mir hu flott an informativ Deeg zesumme verbruecht a hoffen, datt mir eis Erfarungen an Erënnerungen nach laang mat eis droen.

Fotogalerie

Video


Soirée scientifique 2022

2C33E163-2974-452F-BC9B-349540315724

De 29. September op der Soirée scientifique hunn d’Schüler vun der 1B an 1C hir Resultater vun den “Ateliers scientifiques” vum leschte Joer virgestallt. D’Themen vun dësen Atelieren waren deelweis eng verbonnen mat deenen vum Voyage scientifique deen am Juli stattfond hat, an deen vum Fonds National de la Recherche ënnerstëtzt gouf.

Während den “Ateliers scientifiques” hunn d’Schüler Dissectiounen gemat vun Organer an sie hunn Bioplastik a Sprangbäll hirgestallt an erfuerscht wéi eng Influence d’Änneren vu verschiddenen Facteuren op d’Eegenschaften vun dësen Kunststoffen huet. Och hunn sie sech befaasst mat der Graphentheorie  an hunn Roboteren esou programméiert dass se enger schwarzer Linn nogefuer sinn.

Fotogalerie

Vidéo


Voyage scientifique 2021/2022


Le lundi 6 juillet les élèves de la 2e B et C se retrouvent à 6 heures du matin devant le lycée Robert-Schuman, prêts à débuter ce magnifique voyage scientifique, soutenu par le Fonds National de la Recherche, Luxembourg.

Notre première destination : Strasbourg! Après un trajet de 3 heures nous sommes arrivés à l'IRCAD, l’Institut de recherche contre les cancers de l’appareil digestif. Le directeur de l’institut nous a fait une visite virtuelle du centre et a présenté cette nouvelle forme de chirurgie qui est performée à l’aide de robotique et d’intelligence artificielle. L’après-midi, une visite de la Ville de Strasbourg a été organisée par deux de nos élèves.


Le deuxième jour nous nous sommes rendus à Zurich. C’est à l’UZH que nous avons participé à deux ateliers différents. D’une part l’atelier “Kunststoffe’’, portant sur la composition des matières plastiques, leurs avantages, leur omniprésence dans la vie quotidienne et des approches concernant la résolution des problèmes environnementaux. Dans l’atelier « Magnetismus » nous avons approfondi nos connaissances sur le phénomène du magnétisme ainsi que sur ses applications et son importance. Le soir, des anciens élèves du lycée Robert-Schuman nous ont présenté la Ville de Zurich.

Mercredi, à Innsbruck, nous avons participé à un atelier portant sur la trigonométrie. Le but était de déterminer la hauteur des montagnes qui nous entouraient à l’aide d’une méthode de mesure instrumentale et de calculs trigonométriques. Nous avons poursuivi notre voyage avec une visite de la Ville d’Innsbruck.

Jeudi nous nous sommes rendus au glacier de Hintertux (3.250 m) où nous avons visité le Natur Eispalast. L’après-midi, au tremplin de saut à ski Bergisel, nous avons eu la chance d’assister à plusieurs sauts d’un sauteur de ski professionnel, ce qui était très impressionnant.

Vendredi nous nous sommes rendus au MCI, le Zentrum für Produktion, Robotik und Automatisierung, où nous avons participé à des ateliers sur la robotique.

Nous avons clôturé cette excellente semaine par une randonnée sur le sentier « Philosophenweg » et la visite du musée « Körperwelten » à Heidelberg.

Amandine, Diego, Malick (2C)

Galerie photos


Voyage scientifique 2018/2019


Méindes, den 06.Mee 2019 heescht et erëm fréi Opstoen fir Schüler vun den 2ième B an C an Treffpunkt um 07 Auer beim Lycée Robert-Schuman fir op den Voyage scientifique. No zwou Stonnen Busfaart kommen mir dann zu Oochen un wou mer an Gruppen un zwee verschidden Workshops iwwer Mathematik an Informatik konnten deelhuelen. Hei léieren mer op eng praktesch Aart an Weis wéi een GPS funktionéiert an wéi een kleng Mikrokontroller kann selwer programméieren. Owes Treffen mir eng ganz Partie „anciens-Schüler“ aus dem LRSL an ginn zesummen zu Oochen "Schnitzel mit Pommes und Bratwurst mit Krautsalat" iessen.


Den nächsten Dag geet eis Rees schonn weider op Köln an do steet d’Visitt vum DLR (Deutsches Zentrum für Raum und Luftfahrt) um Programm. Hei ginn ënnert anerem d‘Astronauten vun der ESA ausgebilt an fir Missiounen op déi international Weltraumstatioun ISS preparéiert. Dono geet et dann direkt weider an den Bus Richtung Holland an déi nächst Statioun ass Utrecht.

D’Universitéit vun Utrecht huet hier Dieren fir eis opgemaach an mir kruten eng Erklärungen zu der Uni, iwwert Studenteliewen an speziell och iwwer den Studiëgank CPS (College of Pharmaceutical Sciences). Dono kruten mer och nach Laboen gewisen, an deenen.

Mëttwoch geet eis Rees dann wieder fir mat Bus an mam Schëff op déi nërdlech vun Amsterdam geleeën Insel Texel ze kommen. Hei hunn mir am Nomëtten nach eng Excursioun an Wattemier geplangt. Hei hunn mer an deem speziellen Ekosystem konnten verschidden Zorten vun Planzen, Kriibsen, Wierm an Muschelen sichen an bestëmmen. Leider huet d’Wieder matgespillt, no 1,5h waren mer alleguerten naass an kal an sinn zeréck bei den Bus.

Den 2.Dag op der Insel haten mer méi Gléck mam Wieder an sou konnten mer mam Vëlo bis zu dem eenzegaartegen Salzwisen „Slufter“ fueren an zesummen mat engem Guide vun Ecomare dëst speziellt Landstéck méi genau ënnersichen. En puer Leit am Grupp hunn gemengt si missten vun dem gudden wieder profitéieren an sinn an dat kaalt Mier schwammen gaangen.

Freides geet et dann mat der Fär erëm op d’Festland an wieder op Rotterdam, wou mer den giganteschen Hafen besichen ginn.

Deen leschten Dag konnten mir den interaktiven naturwëssenschaftlechen Musée Technopolis zu Mechelen besichen. Ofgeschloss gouf eis Rees eng Visitte vun der Brasserie du Bocq bei Namur.

hei den Link zum video: https://www.youtube.com/watch?v=SSxRfa4E1ZQ

Greisen Ben
Département Chimie
Lycée Robert-Schuman Luxembourg


Voyage scientifique 2017/2018

De Voyage scientifique 2018 vum Lycée Robert-Schuman war vum 17. bis den 21. Abrëll an ass dëst Joer op München an op Heidelberg gaangen. Lass gaangen ass et fir eng Ronn 50 Schüler an 10 Proffen vun de Klassen 2BC2 an 2C1 Dënschdeg moies em 6 virun dem Lycée. No 3 Stonne Faart ass déi éischt Grupp vu Schüler zu Ludwigshafen bei BASF ukomm. Fir déi zweet Grupp Schüler ass d’Faart awer nach en kléngt Stéck weider gaangen bis op Heidelberg, wou si am Labo vun der Explo Heidelberg experimentéiert hunn. Am spéiden Nomëtten kruten d’Schüler nach en bësse Fräizäit zu Heidelberg ier se dunn all zesumme mat de Proffen a fréier Schüler vum LRSL iesse gaange sinn.

Um zweeten Dag ass dëst Kéier déi éischt Grupp d’Explo Heidelberg besiche gaangen an huet do am Labo un Malariaprouwen experimentéiert. Déi aner Grupp war d’”Deutsches Apothekenmuseum” besichen an d ‘Schüler konnten ënner anerem hier eegen Handcrème hierstellen. Am Nomëtte sinn se dunn all zesummen d’Ausstellung “Körperwelten” vum Guntger von Hagens zu Heidelberg besiche gaangen. Zwou Stonnen drop ass et dunn och schonn erëm mam Bus Richtung München weidergaangen. Géingt 22 Auer sinn se dunn bei der Jugendherberge zu München ukomm.

Den nächste Moien ass déi éischt Grupp den Neutronenfuerschungsreaktor vun der “Technische Universität München” (TUM) besiichtege gaangen. Hei kruten d’Schüler a klenge Gruppe Visitten iwwert de Site a kruten erkläert wéi hei mat Neutrone gefuerscht gëtt. Wärend dem war déi zweet Grupp zu Besuch bei BMW an huet do souwuel d’BMW-Welt, wéi och d’BMW-Wierk besichtegt. Am Nomëtte stoung eng gemeinsam Visitt vum “Deutsches Museum” um Programm. Am fréien Owend kruten d ‘Schüler e bësse Fräizäit an der Alstad vu München fir d‘Stat ze entdecken a fir de Shopping. Duerno sinn se all zesummen an de Biergarten vum Augustinerkeller iesse gaangen ier et erëm zréck an d’Jugendherberg gaangen ass.

De véierten Dag war dunn den aneren Deel vun de Schüler un der Rei fir d’BMW-Welt an d’BMW-Wierk besiichtegen ze goen. Wärend der Zäit hunn déi aner un engem Workshop an engem Virtrag vum Informatikdepartement vun der TUM deelgeholl. Mëttes gouf et eng Féierung vun der Stad München vun enger Guide, déi d ‘Schüler  zwou Stonnen am Bus begleet huet. De Rescht vum Dag waren d ‘Schüler erëm fräi fir sech nach en leschte flotten Owend zu München ze maachen. Et waren awer och zwee Proffen mat dräi Schüler Owes en Basketballmatch kucken.
wärend
Den nächste Moie géingt 9 Auer ass et dunn awer och sou lues erëm zeréck Richtung Lëtzebuerg gaangen. Et gouf awer nach en Stopp beim “Dornier Museum” bei Friedrichshafen ageluecht. Heibäi handelt et sech em ee vun de gréisste Fligerproduzenten aus dem 20. Joerhonnert. Dunn kruten d’Schüler nach eng Stonn Zäit fir séier eppes ze iessen ier et dunn awer zeréck Richtung Lëtzebuerg gaangen ass.

Redaktioun: Gianni Di Paoli (LRSL- classe 2CB)
 


Voyage scientifique 2016/2017

Le but du projet élèves chercheurs au LRSL 2017 est de promouvoir l’intérêt scientifique des élèves des classes 2B et 2C et de leur permettre à voir les sciences ainsi que la recherche d’une autre manière. Au Lycée les élèves ont travaillé dans des ateliers de manière autonome afin de résoudre des problèmes concrets dans les domaines de la biologie “mon ADN”, de la chimie “synthèse de médicaments”, de la physique “tunnels”, de l’informatique “robotique” et de la mathématique “Léonardo Da Vinci”. Afin de faire le lien entre ces travaux de recherche et l’application de la recherche dans différents domaines un voyage scientifique en France, Suisse et Italie a été organisé du 25 au 29 avril 2017. Les élèves ont pu participer à plusieurs ateliers (laboratoires de Roche, différents Workshops à l’université de Genève) ainsi qu’au visites de différents sites d’intérêt scientifique (IRCAD, MHI, CERN, et autres)

Le 19 Mai 2017 lors de la soirée scientifique au LRSL les élèves ont présenté les résultats de leurs résultats des ateliers ainsi que les connaissances acquis lors du voyage devant un public plus vaste au lycée.

 


Voyage scientifique 2015/2016

Dëst Joer war de Voyage Scientifique vum Schuman am Süde vu Frankräich. „Et kléngt net esou spektakulär, wéi Schottland vum leschte Joer“, wäert dir mir äntweren an ech verroden iech och, dass vill Schüler net begeeschtert waren op Franséisch Visitten ze maachen, me mat eisem flotten Programm an eiser witzeger Ekipp vun dësem Joer war de Voyage Scientifique 2016 trotzdeem eng Reussite!

Non et manner wéi 10 Stonnen  am Zuch, ouni mol vum ganzen Ëmsteigen ze schwätzen, si mir zu Montpellier ukomm a konnten déi mythesch „Faculté de Médecine“ mat hirem „Cabinet d’Horreurs“ besichen.

Owes gouf et Pizza bei engem Gespréich mat e puer lëtzebuergesche Studente vu Montpellier. Mir Schüler hun direkt Geleeënheet genotzt, fir wichteg Froe, wéi „ Wou gëtt et de beschte Café?“ oder „Wéi ass een am séiersten op der Plage?“ ze stellen.

Ënnerwee fir op Toulouse hu mir dann en Halt op den Etang de Thau a spéider eng Visite bei engem Wënzer gemaach. Beim Weier krute mir da schéin erzielt, wéi een Austeren a Mullen ziicht an nomëttes hu mir eis als Belounung eng Schlupp Wäin beim Wënzer gegënnt.

Zu Toulouse konnte mer et eis natierlech net entgoe loossen, eng Besichtegung vun der Airbus-Fabrick ze maachen. War war et Tabu, dat Wuert „Boeing“ auszeschwätze, mee mir konnte bei der Produktioun nokucken an eis ënnert déi riseg Fligere vum Musée stellen. No deem laange Moie war et eis Schüler du méiglech, eng gemittlech Siesta am wonnerschéine Planetarium vun der Cité de l’Espace ze maachen.

Virun eiser leschter Etapp vum Montpellier-Toulouse-Bordeaux-Tripphat mir déi Freed, de Pic du Midi ze erklammen. Ech soen et ganz ongär, mee d’Proffen haten Recht mat der waarmer Kleedung! Uewen um Bierg war et schéi kal an de Wand huet gutt geblosen. Mee dee mega Panorama war dës Aventure op alle Fall wäert.

Zu Bordeaux krute mir schlussendlech eng relax Visite Guidée vun der Stad am Bus gemaach a konnten dono selwer d’Stad entdecke goen. Während dem Shoppe konnte mer dann ënner anerem och déi al Kathedral Sainte André besichtege goen, éier mer eis dann op den Réckwee gemaach hunn.

En groussen Merci un d’Proffen an d’Direktioun, déi dës flott Rees organiséiert, begleet a soumat och erméiglecht hunn!

  


Voyage scientifique 2014/2015

Aufmarsch der Schotten im Lycée Robert-Schuman

 

Ungewohnte Dudelsackklänge eröffneten am Donnerstag, dem 8. Oktober 2015 einen spannenden Abend im Lycée Robert-Schuman: die Schüler der 1re BC1 und 1re C2 präsentierten die Erkenntnisse, die sie aus einem Projekt und einer anschließenden Klassenreise nach Schottland im letzten Schuljahr gewonnen hatten.

Im Mittelpunkt standen naturwissenschaftliche und mathematische Themen. So besuchten die Schüler auf ihrer Reise ein Schiffshebewerk, die Falkirk Wheel, ein Pumpspeicherwerk in Cruachan, eine Whisky-Brennerei in Oban, die Philips-Werke in  Hamilton sowie ein Fliegermuseum in East Fortune.

Besonders beeindruckend war der Besuch im Sea Bird Centre North Berwick, bei dem man nicht nur den brütenden Basstölpeln und Papageientauchern außergewöhnlich nah kam, sondern auch eine sehr spannende und feuchte Bootstour erleben konnte. Die beiden Städte Glasgow und Edinburgh lagen auf der Reiseroute und hatten neben dem fesselnden Glasgow Science Centre auch sehr viel Kulturelles und Historisches zu bieten.

Die gesamte Reise war im Vorfeld in praktischen Workshops vorbereitet worden, so dass die Schüler vielfach selbst erprobt hatten, was sie in Schottland sehen konnten. Da diese Form der wissenschaftlichen Erkundung seit einigen Jahren einen festen Bestandteil im Curriculum der 2e B und C Schüler hat, waren auch die diesjährigen 2e Schüler bei dem Abend dabei und haben nach der Vorstellung für das leibliche Wohl gesorgt. Der Erlös des Abends ging integral in ihre Reisekasse. Ziel des diesjährigen „Voyage scientifique“ sind Toulouse, Montpellier und Bordeaux.