First Lego League 2024

Am Kader vum Makerspace waren e Mëttwoch 21.02.24 6 vun onse Schüler als Team  op der First Lego League Lëtzebuerg am Forum um Campus Geesseknäppchen. 

Am Viraus hunn si e Lego Mindstorms Roboter gebaut a programméiert. Dësen huet du misse verschidde Missiounen erleedegen. Weider hunn si sech mam Thema Hobbyen a Fräizäit beschäftegt. Hiere Fuerschungsprojet heizou, e Schachspill  wat si selwer designt hunn an 3D gedréckt hunn, hunn si virun enger Jury presentéiert. Um Enn blouf nach e bëssi Zäit fir d'Schachspill mat Schüler aus anere Schoulen ze testen.

Weider Informatiounen zur First Lego League: https://www.script.lu/fr/activites/innovation/first-lego-league-challenge
 


 

Final vun der First Lego League

Samschdeg, den 23 Abrëll hunn 7e an 6e Schüler aus dem Makerspace vum Lycée Robert-Schuman als "Team Robär Schuman" un der nationaler Final vun der First Lego League am Lycée Aline Mayrisch deelgeholl.

Am Virfeld hunn si sech iwwer d'Motto vun dësem Joer "Cargo Connect" Gedanken gemaach an zesummen an der Ekipp en Roboter gebaut an programméiert. Um Dag selwer konnten si hiren Roboter dann ënner Beweis stellen an kennen stolz op hir Leeschtung sinn. Sie hunn et fäerdeg bruecht ënnerschiddlech Aufgaben ze léisen an dobäi Teamwork ze weisen an haten natierlech och vill Spaass zesummen.

 


 

First Lego League

De Lycée Robert-Schuman hëlt dëst Saison (2021/22) bei der First Lego League Challenge deel. Dëst Joer ass Thema vun der Challenge „Cargo Connect“ an et gëtt em Transportwiesen, et gi technesch Fortschrëtter a global Erausfuerderungen ënnersicht. Ziel ass et kreativ Léisungen ze entwéckelen, fir eis Zukunft ze revolutionéieren!

Am Team schaffen eis Schüler zesummen un dësem Projet. Sie plangen, programméieren an teste Roboter, fuerschen an erstellen eng Präsentatioun vun den Ergebnisser.

First Lego League

 


 

Maker Space

Sait 28. Januar 2019 huet den Maker Space vum LRSL seng Dieren op gemaach : all Méindes vun 14 Auer un kënnen vun elo un d’Schüler vun 7e bis 1re hei laanscht kommen fir elektronesch Apparater ze reparéieren, nei Saachen zesummen ze bastelen oder einfach e bëssen ze experimentéieren. Dat néidegt Material steet jidderengem zur Verfügung an eis Enseignanten aus der Chimie, der Physik an der Mathé hëllefen mat hirem Know How. Avis aux amateurs!

Fotogalerie

Greisen Ben
Département Chimie
Lycée Robert-Schuman Luxembourg