De „Fënnef vir Zwou“ op de Walfer Bicherdeeg

received 1042230983263641


No engem Joer Paus waren d’Schüler vun der LRSL Schülerzeitung „Fënnef vir Zwou“ den 20. an 21. November 2021 erëm am Asaz op de Walfer Bicherdeeg. D’Schüler hu schonn déi 7. Kéier zesumme mam Här Wildanger den offiziellen Infoziedel vun de Bicherdeeg geschriwwen a gestalt. Si waren op Liesungen, hunn Interviewe mat Schrëftsteller, Politiker a Promie gefouert an hunn u Workshopen deelgeholl. D’Team vum „Fënnef vir Zwou“ hat och dëst Joer erëm vill Spaass bei der 26. Editioun vun de Bicherdeeg, a war vu Schüler vu 7e bis 1ère zu Walfer engagéiert.


 

Workshop #bookreview


Fënnef Schüler vum Lycée Robert-Schuman hunn un engem Atelier zum Thema Literaturkritik deelgeholl. D’Eline Klaassen an d’Lena Flammang vun der 1A*, d’Lory Klein an d’Jennifer Zoller vun der 3A* an de Richard Gerdemann vun der 2G hunn am Workshop geléiert ewéi een eng gutt Literaturkritik opsetzt an dës an ënnerschiddleche Medien publizéiert. An den nächste Woche wäerten déi fënnef Schüler Kritike verfaassen an dës och op ënnerschiddleche Medien publizéieren.


 

Zwou Schülerinne vun der 1A* um Lëtzebuerger Buchpräis


De Lëtzebuerger Buchpräis gouf dëst Joer donneschdes, den 18.11. zu Walfer iwwerreecht. De wichtegste Präis goung den Owend un de Jemp Schuster mat „Bluttsëffer“. D’Eline Klaassen an d’Lena Flammang waren op dësem wichtege kulturellen Event present an hunn en fir eis Schülerzeitung dokumentéiert. Si haten déi grouss Éier als Schüler vun eiser A* un dëser flotter Soirée däerfen deelzehuelen.