Holzgau 2025
Vum 2. bis den 7. Juni waren 42 2e an 3e Schüler mat 6 Begleetpersounen zu Holzgau.
An enger wonnerschéiner Landschaft ëmginn vun Bierger an dem Floss Lech hunn si eng Réih sportlech Aktivitéiten ugebueden kritt, an et war wuel fir jiddereen eppes dobäi. Mir sinn wanderen gaangen, E-Mountainbike gefuer, hunn Yoga mat Panorama Bléck gemaach, waren um Lech rafting fueren, an och am Boot Camp konnten d’Schüler weisen wéi fit a motivéiert si waren. Mir waren och vill klammen fir d’éischt an de Kloterpark, dunn op enger natierlecher Fielswand, an déi mat ganz vill Courage, hunn d’Via Ferrata gemaach.
Moies haten d’Schüler och deelweis méi gemittlech Atelieren. Si hunn geléiert Guitar spillen, wärend dem Foto Atelier goufen immens flott Fotoen geholl, an si duerften an der Kichen mathëllefen. Eenzel Schüler haten sech och ugemellt fir déi lokal Brennerei Lechtaler Haussegen kucken ze goen, wann een al genuch war krut een hei och eppes ze schmaachen. Dee véierten Dag hunn mir Nomëttes en Dagesausfluch op Schwangau gemaach. Hei hate mir eis opgedeelt; ee Grupp huet de Wellness an d’Thermalbäder genoss an déi aner waren d’Schlass Neuschwanstein besichtegen. Owes war och all Méigleches um Programm, mee hei waren d’Highlights ganz kloer d’Gaudi Hütt an d’Lagerfeier, wou bis zum Schluss gedanzt a gesonge ginn ass.
No dëser Woch voller Sport war et am Bus fir Heem och zimmlech roueg an deen een oder anere war och ganz frou, dass mir Méindes e Feierdag haten fir ze raschten.
Holzgau 2024

Dëst Joer waren erëm zwou Klassen aus dem Lycée Robert-Schuman zu Holzgau. D‘4CLC1 an d‘4C2 kruten vum 3.-8. Juni eng ganz Rëtsch sportlech Aktivitéiten ugebueden. Si sinn E-Mountainbike gefuer, hunn um Floss Lech Rafting gemaach a ware wanderen. Iwwer déi Deeg ass och vill geklotert ginn, déi eng waren an engem Kloterpark, wou vill gelaacht ginn ass, déi aner hunn sech géigesäiteg geséchert wéi si eng Fielswand erop geklomme sinn. Déi mat ganz vill Courage hunn d‘Via Ferrata gemaach. D’Schüler an d’Proffen hunn sech hei selwer un engem metallene Seel misse sécheren. Si sinn ënnert anerem iwwert e Waasserfall geklotert, a souguer beim héchste Punkt vun 80 Meter huet keen opginn, och wann deen een oder dat anert hei mëll Knéie krut.
Aner flott Ateliere ware Self-defense, Yoga, Boot Camp, Gittar an d’Besichtegung vun enger Brennerei. Mir haten och en Dagesausfluch op Schwangau gemaach an eis opgedeelt, ee Grupp huet de Wellness an d’Thermalbäder genoss an déi aner waren d’Schlass Neuschwanstein besichtegen. An Owes war och all Méigleches um Programm, mee hei waren d’Highlights ganz kloer d‘Disco an d‘Lagerfeier, wou bis zum Schluss gedanzt a gesonge ginn ass.
Et war eng immens gelonge Woch an am Bus fir Heem waren d‘Schüler an d‘Proffen op alle Fall schéi midd.