Logo Entrepreneurship

  


Zanter der Rentrée 2020-2021 hëlt eise Lycée um Projet « Sustainable entrepreneurial Schools» deel. Dëse Projet, eng Initiative vum Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation (SCRIPT) an Zesummenaarbecht mat der Direction générale des classes moyennes, soll eisem Lycée Méiglechkeet ginn, sech am Beräich Nohaltegen Entrepreneuriat mat externe Partner aus der Wirtschaft auszetauschen. D’ Zil ass et, eis Schüler, duerch Workshopen, Stagen, Concours, Visitten an Challengen (Youth Start Challenge) zu responsabelen Schüler ze erzéien, am Respekt vun der Limitatioun vun de Ressourcen a si op sozial Ongerechtegkeeten opmierksam ze maachen.


https://www.entrepreneurship.lu


 

Remise Label “Sustainable Entrepreneurial School”

Am Schouljoer 2021/22, krut den LRSL den N3 Label beim Sutainable Entrepreneurial School Day, dat heescht déi beschten Auszeechnung fir Nohaltegkeet am Lycée.

Den 29. September 2022 huet déi 2. Verdeelung am Forum um Geesseknäppchen stattfonnt, wou d’ Direktiounen vu verschiddene Schoulen, d’ Coordinateuren an awer och d’ Schüler déi un dem Projet matgewierkt hunn invitéiert waren.

Eisen Lycée war mat insgesamt 10 Leit present. Ënnert hinnen 2 Memberen vum Fairtrade Comité, esou wei d' Coordinatrice vun hinnen, Memberen aus dem LRSL_actionteam4future an hier Coordinatrice an Zesummenaarbecht mat Youth4Planet souwéi 1 Schüler vun eis deen bei Luxskills matgemaach huet an 1 Schülerin déi LRSL Mini-Entrepreneuren vertrueden huet  esou wei d' Coordinatrice vum Projet an eis Directrice.

Mir kruten dëst Joer den N2 Label, dat heescht déi 2 bescht Auszeechnung. Mir soen allen Enseignanten, Schüler, dem Fairtrade Comité an dem LRSL_actionteam4future en groussen Merci fir hiert Engagement, esou wei eiser ganzer Direktioun.


 

Sustainable Entrepreneurial School - ENTREPRENEURIAL CULTURE

Septembre 2021


Le LRSL est heureux d’annoncer l’attribution de la plus haute distinction du label « Sustainable Entrepreneurial School - ENTREPRENEURIAL CULTURE ». Un grand merci à tous les élèves qui ont contribué à cette réussite! 


Men.lu - Remise des premiers labels du projet « Sustainable Entrepreneurial School »