Den LRSL_ Actionteam4future ass eng Équipe vu Schüler déi sech virgeholl huet déi 17 Sustainable Development Goals, esou gudd ewéi méiglech am Lycée Robert-Schuman ëmzesetzen.
Si gëtt et säit dem 03. Mäerz 2022 an si hunn mat enger klenger Delegatioun vu Schüler ugefaangen, eng Spenden Aktioun ze organiséieren, fir d’ Ukraine. Schnell ass et dunn eescht ginn a si kruten Invitatiounen fir mat op Eventer ze goen oder hunn eege Projeten gestart, ewéi eng Table ronde mat Ministeren, Presidenten vun Associatiounen an engem Wëssenschaftler, wou et em d'Cop27 geet.
Wann dir interesséiert sidd mat hinnen zesummen ze schaffen, da gitt bei hinne laanscht, si treffen sech all Méindeg um 14 Auer bei der rouder Sail am ale Gebai, oder kontaktéiert si iwwert :
E-mail: oder Instagram: lrsl_actionteam4future
Austausch iwwer d’COP30 mat de Ministeren Serge Wilmes a Claude Meisch
Den 28. Oktober waren den Ëmweltminister Serge Wilmes an Educatiounsminister Claude Meisch fir e spannenden Austausch iwwer d’COP30 bei eise Schüler op Besuch. Véier Schüler aus eisem LRSL_ActionTeam4Future an dräi Schüler aus dräi anere Lycéeën (Lycée Hubert Clément, Athénée an European School) sinn nämlech dëst Joer mam Projet Youth4Climate Action op der COP30 a Brasilien dobäi a representéieren d’Lëtzebuerger Jugend.
No Präsentatiounen vum LRSL_ ActionTeam4Future, dem Projet Youth4Climate an der UNFCCC haten d’Schüler dunn nach en interessanten Austausch mat den Experten.
D’Zil vun dësem Event, war et fir virun der COP30 mat deene Jonken Iddien auszetauschen, eraus ze fannen wéi si zum Thema Klimaschutz stinn, wat hier Ängschten an Hoffnunge sinn, a wat si fir Virschléi hunn déi op der COP30 mussen ugeschwat ginn.
No der COP30 kommen d’Schüler an déi verschidden Experten aus dem LRSL_ ActionTeam4Future, dem Projet Youth4Climate an der UNFCCC nach eng Kéier zesummen an tauschen sech iwwer d’Resultater vun der COP30 aus.
Falls dir eis Schüler op der COP30 begleede wëllt kënnt dir hier Etappen op hirem Instagram verfollegen: @lrsl_actionteam4future
Mir wënschen hinne vill Erfolleg op der COP30!
E grousse Merci och un eise Schüler de Paul Tabacel-Manea fir d’Fotoen.
De Premier Minister Luc Frieden am LRSL
De 5. Dezember hate mir héije Besuch am Lycée Robert-Schuman. Eise Premier Minister de Luc Frieden koum fir sech mam LRSL_Actionteam4future auszetauschen. No der Mediepresenz vun der Jugenddelegatioun op der COP29 gouf eise Premier Minister op si opmierksam a wollt sech mat hinnen treffe fir iwwer d’Resultater an hier Erfarungen ze schwätzen. Vun eise Schüler waren dréi Stéck op der COP29, de Julien Lemmer Veloso, de Paul Tabacel-Manea an d’Eleonor Borges. Et waren awer och nach zwee aner Schüler dobäi, eng Kéier de Maximilian De Pauw Gerlings aus dem Athenée de Luxembourg, an de Leo Kries aus dem Lycée Aline Mayrich.
D’Directrice Madame Remakel hat dat éischt Wuert, an enger kuerzer Ried huet si d’Engagement vum
LRSL_Actionteam4future immens gelueft. Dono krut de Premier Minister Frieden d’Wuert an huet iwwer d’Wichtegkeet vun der Jugend Participatioun geschwat. Doropshin hunn d’Schüler iwwerholl. Si hunn an enger Präsentatioun iwwer hier Erfarungen op der COP29 geschwat, an an engem zweeten Deel, hunn si hier Projeten an zukünfteg Pläng vum LRSL_Actionteam4future virgestallt. Am flottste war awer wuel d’Diskussiounsronn wou d’Schüler vun der 3A-LLCO an 3BC hier Froen a Bedenke konnte matdeelen. Déi ganz Visite gouf vun eiser 2A-LLCO gefilmt an zum Schluss hunn si och nach en Interview mam Premier Minister konnte maachen.
Mir sinn immens houfreg op eis Schüler a mir soen dem Premier Minister Luc Frieden e ganz grousse merci fir séin Interessi un eisem LRSL_Actionteam4future an awer och fir seng Zäit déi hien sech geholl huet.
Connected School Projet
Mir sinn 4 Schüler vun 3e an mir sinn grad mat der Mme Baden am Bangladesch. Jo dir hutt richteg gelies, am Bangladesch!
Do sinn mir schon seit dem Donneschden am Kader vum Connected School Projet. D'Leit hei sinn mega léif an et gëtt vill iwwert hiert Liewen hei gestaunt.
Mir hunn och schon Jonker an eisem Alter gesinn, déi sech immens couragéiert fir hier d'Demokratie an hierem Land an hier Community asätzen. Groußen merci un @Friendship dei daat alles meilgeg gemaat hunn. Keen vun eis huet sou een groußen herzleschen acceuil sou eng Rou an sou een an ville Bereich faszinéierend an scheint Land erlieft.
Table ronde „Nohaltegkeet-COP27, an elo?“ organiséiert vum LRSL_Actiontam4future
E Mëttwoch den 18. Januar 2023 huet d’LRSL_actionteam4future moies op hir Table ronde zum Thema „Nohaltegkeet-COP27, an elo?“ invitéiert, déi d‘ Memberen mat hirer Coordinatrice der Madame Ruhmann-Freimuth mat vill Engagement geplangt haten. Als Participanten hunn deel geholl: den Här Claude Meisch (Educatiounsminister), den Här Claude Turmes (Energieminister), d‘ Madame Marie-Paule Kremer (Beroderin am Ministère fir nohalteg Entwécklung, Departement vun der Ëmwelt), den Här Dr. Thomas Gibon (Chercheur bei LIST), den Här Christophe Murroccu (Member vum Mouvement Ecologique, responsabel fir den Dossier "Energie- a Klimaschutz"), d‘ Madame Julia Ruhmann (Member vu Youth4planet Lëtzebuerg), den Här Joerg
Altekruse (President vu Youth4planet international), de Semion Smolenskiy (Schüler am Lycée Technique vun Ettelbréck a Participant un der COP27) an de Julien Lemmer Veloso (Schüler am LRSL a Matgrënner vum LRSL_Actionteam4future).
D’ Journalistin Monica Camposeo huet des Table ronde moderéiert an fir eng ugereegten Diskussiounsronn gesuergt. De Publikum deen haaptsächlech aus Schüler vun 2e a 3e Klassen bestoung, konnt uschléissend seng Froen ervirbréngen a no zwou Stonnen goung den interessanten Austausch op en Enn.
LRSL_Actionteam4future goes COP27
Das LRSL_Actionteam4future beteiligt sich im Kontext der COP27, die vom 6.-18.11.2022 in Ägypten stattfindet, am Projekt „power-on pyramids“ (https://power-on.info), die von youth4planet international und youth4planet Luxemburg initiiert wird. Hierfür wurde im Vorfeld das CreatiVelo, das 2021 auf dem Weg von Luxemburg zur COP26 in Glasgow für die nachhaltige Entwicklung sensibilisiert hat, in der „Nachhaltigkeitsecke“ aufgestellt, um die Schüler*innen des Lyceé Robert-Schuman mit Filmen, die überwiegend von peers produziert wurden, auf die Nachhaltigkeitsthemen aufmerksam und ihre Verantwortung deutlich zu machen.
Das LRSL_Actionteam4future wird während der COP27 in ständigem Kontakt mit der Delegation von youth4planet in Scharm El-Scheich sein, die aktuellen Entwicklungen auf Instagram posten und in der Mittagspause auf dem Monitor des CreatiVelo einen livestream projizieren.
Am 11.11.22 nahmen die Schüler*innen um 14.30 an einem zoom-call der Liveveranstaltung von youth4planet aus der COP27 teil und lancierten gleichzeitig als Sensibilisierungskampagne eine Rallye für die ganze Schulgemeinschaft, die die COP27, Nachhaltigkeitsziele und den Umgang mit Energie thematisiert und die Teilnehmenden einlädt, Lösungen für die Herausforderungen zu formulieren. Diese Ideen werden auf einer Pyramide – ähnlich der, die im Rahmen von Aktion „power-on pyramids“ in Scham-El-Scheich aufgestellt wurde – gesammelt und sichtbar gemacht.
Wir laden alle Interessierten ein, zu Energiedetektiven zu werden, sich an der Aktion auf https://power-on.info zu beteiligen und uns auf Instagram zu folgen.