Schoulcharta vum Lycée Robert-Schuman

Dës Schoul Charta betrëfft all eenzelne Member vun der Schoul Gemeinschaft: Schüler, Professer, Direktioun, Elteren a Mataarbechter. All dës Leit musse sech an der Schoul wuel fille kënnen. Eis Charta soll dozou bäidroen, dass dës Schoul Gemeinschaft fonctionnéiert an zesummewiisst.

 

Eis Ziler:
 

D´ Schoul Gemeinschaft vum Lycée Robert-Schuman huet als Aufgab Jugendlecher ze erzéien, ze ënnerriichten an ze beroden. Si erzitt d´ Schüler zu mündegen, verantwortlechen a kritesche Bierger. Si respektéiert jidderengem seng Kultur a bréngt doriwwer eraus déi lëtzebuergesch an europäesch Wäerter no. Duerfir verflicht sech de Lycée Wëssen a Wäerter ze vermëttelen, déi de Jugendlechen et erlaben an hirem spéidere Liewen hir Rechter a Flichten ze assuméieren. Deelhuelen un dëser Schoul Gemeinschaft heescht fir jiddereen, datt en dëser Charta zoustëmmt, hir Wäerter respektéiert a sech fir hir Ziler asetzt.

 

Eis Wäerter:
 

  1. Ech sinn tolerant, respektvoll a rücksichtsvoll an diskriminéieren net, egal wéi en Ursprong a Geschlecht e Mënsch huet, egal wéi säi kulturellen, ethneschen, reliéisen oder familiären Hannergrond ass.
     
  2. Ech si bereet Verantwortung ze iwwerhuelen an akzeptéieren eng Décisioun, déi am Esprit vun de Wäerter vun der Schoul Gemeinschaft geholl ginn ass.
     
  3. Ech sinn hëllefsbereet an droe mäint zur Konflikt Bewältegung bäi. Ech si bereet Kompromësser anzegoen a matzedroen.
     
  4. Ech verzichten op all kierperlech a psychesch Gewalt.
     
  5. Ech gi mäi Bescht an alle Beräicher. Ech schafen eng Atmosphär fir roueg a konzentréiert ze léieren.
     
  6. Ech schützen a respektéieren d´ Schoul an d´ Ëmwelt.
     

 

Charte scolaire du Lycée Robert-Schuman

Cette charte scolaire s’adresse à chaque membre de la communauté scolaire: élèves, professeurs, direction, parents et personnel technique. Toutes ces personnes doivent pouvoir se sentir à l’aise dans notre lycée. Notre charte promeut le bon fonctionnement et l’évolution harmonieuse de la communauté scolaire.

 

Nos objectifs:
 

La communauté scolaire du Lycée Robert-Schuman se donne comme devoir d’éduquer, d’instruire et de conseiller les jeunes.  Elle se donne comme but de faire évoluer ses  élèves, afin qu’ils deviennent des citoyens adultes  critiques et responsables. Elle respecte la culture de chacun  tout en transmettant les valeurs luxembourgeoises et européennes. C’est ainsi que le lycée s’oblige à promouvoir valeurs et connaissances, qui donneront aux jeunes les outils nécessaires afin d’être capables d’assumer les droits et devoirs de leur vie future. Être membre de cette communauté scolaire signifie pour chacun qu’il souscrit à cette charte, en respecte et reconnait les valeurs et s’engage pour en atteindre les buts.

 

Nos valeurs:

 

  1. Je suis tolérant, respectueux, attentionné et ne discrimine pas, peu importe l’origine, le genre, l’histoire culturelle, ethnique, religieuse et familiale de la personne.
     
  2. Je suis prêt/e à prendre des responsabilités et respecte toute décision prise en accord avec les valeurs de la communauté.
     
  3. Je suis prêt/e à aider et je soutiens toutes les solutions de compromis décidées.
     
  4. Je suis contre toute violence physique et psychique.
     
  5. Je fais de mon mieux dans tous les domaines et favorise une atmosphère studieuse, calme et concentrée.
     
  6. Je protège et respecte mon lycée et son environnement.