Holzgau 2026
Description
Vum 1. bis de 6. Juni waren 39 3e Schüler zesumme mat 6 Begleetpersounen zu Holzgau am Lechtal. An der impressionanter Bierglandschaft, direkt um Floss Lech, hunn d’Schüler eng flott an ofwiesslungsräich Woch mat ville sportlechen a kreativen Aktivitéiten erlieft.
Um Programm stounge Wanderungen duerch déi schéi Natur, Touren mam E-Mountainbike an entspaant Yoga-Sessioune mat engem herrleche Bléck op d’Bierger. Vill Action gouf et beim Rafting um Lech an och am Boot Camp, wou d’Schüler hir Ausdauer a Motivatioun ënner Beweis gestallt hunn. Besonnesch beléift waren och d’Kloteraktivitéiten: vum Kloterpark bis hin zur Via Ferrata fir déi, déi sech un eng extra Erausfuerderung wollte woen.
Nieft de sportlechen Aktivitéite goufen och verschidden Atelieren ugebueden. D’Schüler konnten hir éischt Téin oder souguer Lidder op der Guitar spillen, am Videoatelier kreativ ginn an an der Kichen aktiv mat upaken a bei der Kräuterhexe eppes iwwer Kräider an hier Wierkunge léieren. Ausserdeem haten interesséiert Schüler d’Méiglechkeet, déi lokal Brennerei Lechtaler Haussegen ze besichen an méi iwwer d’Produktioun vun de regionale Spezialitéiten ze léieren. Si waren och bis an Däitschland an hunn en Ausfluch op Schwangau gemach. Wärend eng Grupp sech an de Wellness- an Thermalbieder entspaant huet, huet déi aner dat weltbekannt Schlass Neuschwanstein besicht.
Och Owes gouf et ni langweileg, ënnert anerem haten puer Schüler en immens flotte Quiz organiséiert an et gouf och een Owend e Lagerfeier gemach. No sechs intensiven Deeg voller Sport, Abenteuer a flotte gemeinsame Momenter sinn all Participanten mat villen Erënnerungen nees heem gefuer.