BS14

Babysitterkuer am LRSL

Description


Am Kader vum Babysitterkuer am LRSL hunn sech 12 Schüler mat ville wichtegen Theme beschäftegt: vun der Ausbildung iwwer dat éischt Kenneléieren an der Famill, Rechter a Pflichte vum Babysitter, Entwécklungsstadien vum Kand bis hin zu de Kannerkrankheete war alles dobäi.

Nieft der Theorie koum natierlech och de prakteschen Deel net ze kuerz! Mir konnten dat Geléiert direkt uwenden an esou vill wäertvoll Erfarunge sammelen.

Mat enger super Grupp, vill Motivatioun an enger mega Ambiance waren et zwee wierklech flott a laang Deeg!

E grousse Merci un all déi, déi dëse Kuer esou flott gemaach hunn!

Um Enn  krut da jiddereen säin Diplom vum Babysitter.

Mir wënschen iech vill Spaass a Freed an Zukunft mat äre Babysitter Kanner.

Fotogalerie

 Retour aux articles