Remise vum Label "Sustainable Entrepreneurial Schools“ a flott Atelieren fir eis Schüler

Description


Den 13. November 2026 huet eis 3CD um 1. Nationalen Dag vum Entrepreneurship an der Finanzbildung am European Convention Centre Kierchbierg, deelgeholl. D’Schüler haten d’Geleeënheet sech an 2 Atelieren anzeschreiwen, ee vun der SDK an e vum House of Cybersecurity. Dono huet den Här Bob Kieffer, Directeur du Trésor du Luxembourg an den Alex Georgetti, Head of Operations bei GRIDX de Schüler en Abléck an hiert Aarbechtswelt ginn an hinne Méiglechkeet ginn sech auszetauschen. Als Ofschloss zou dësem Dag gouf et dunn nach Remise vun de Label un déi Schoulen déi bei dësem Projet  "Sustainable Entrepreneurial Schools" matgemaach hunn. Dëse Projet huet als Ziel bei eise Schüler d’Kompetenze fir d’selbstännegt, nohaltegt a verantwortungsvollt Handelen an enger Gesellschaft ze fërderen. Eis Schoul gouf fir Schouljoer 2025-2026 mam N2 Entrepreneurial Progression ausgezeechent.

Fotogalerie

 Retour aux articles