Semaine de la Démocratie
Description
Op der Journée pédagogique vum leschte Joer mam Thema „Wat maache mir an der Semaine de la Démocratie?“ hunn d'Departementer sech no enger Presentatioun vum ZpB zesummegesat, fir éischt Iddien ze entwéckelen, wéi eng Aktivitéiten si am Kader vun der Semaine de la Démocratie ubidde kéinten.
Aus dësen Iddien si vill flott a kreativ Projeten entstanen, déi dëst Joer ëmgesat goufen.
Hei fannt Dir e klengen Abléck an d'Aktivitéiten an d'Projete vun den eenzelen Departementer.