
Summerschool 2025 - Opruff
Description
Léif Schülerinnen a Schüler,
All déijéineg, déi hiren Examen gepackt hunn, dierfen an der Summerschool Couren ginn. D’Summerschool ass eng Nohëllef fir all déi Schüler vun 7e -2e, déi e Noexamen hunn oder eng Mise à Niveau an engem Fach brauchen. Di fënnt statt vum 1. bis den 12. September. Dir kënnt tëschent 10 an 20 Stonnen pro Woch enseignéieren.
Falls dir dorun interesséiert sidd, dann mellt iech bis spéitstens de 15. Juli iwwert dëse Link un: www.edulink.lu/5jbm . Do fann dir och weider Informatiounen zu den Dokumenter, déi dir musst ofginn.
Merci – an schéi Vakanz!
Michèle Remakel
Direktrice
Link Ministère: https://www.summerschool.lu/?l=LU&p=secondaire