29

Voyage Scientifique 2025

Description


Voyage Scientifique: Den éischten Dag
 

Den éischten Dag vun eiser Rees si mir moies mam Bus vu Lëtzebuerg op Genève gefuer. Do hu mer dunn den Observatoire de Genève besicht, wou mer Saachen iwwert Astronomie wei zum Beispill Exoplanéiten geleiert hunn. Nodeems mer dunn am Hotel agecheckt haten, hu mer e klengen Tour duerch Genève gemaach wou mer ënner anerem de Jet d'Eau an d'Monument de Brunswick gesinn hunn. Dono ware mer dann nach an eng Pizzeria iessen a sinn du wei Steng an d' Bett gefall.


Weiderliesen

Fotogalerie

 Retour aux articles