Workshop "Art and Artificial Intelligence"
Description
Enn Mäerz hunn déi fënnef 7e Klassen aus dem LRSL am Kader vum Fach "Digital Sciences" eng Sortie an de Scienteens Lab vun der Universitéit um Belval gemaach. D'Schüler hunn um Workshop Art and Artificial Intelligence deelgeholl. De Lycée seet dem Scienteens Lab villmools merci fir déi interessant Ablécker an Theme vun der kënschtlecher Intelligenz kombinéiert mat der Konscht.