
Op Visitt am Pairi Daiza
Description
Am Kader vum Biologiescours sinn d’Schülerinne vun der 3C2 op Pairi Daiza an der Belsch gefuer. Do haten si eng flott Geleeënheet, fir méi iwwert déi verschidden Aarte vun Déieren z‘erfueren a fir d'Eegenschaften z'ënnersichen, déi bei der Evolutioun vun den Aarte wichteg sinn. Op déi Manéier ass d‘Thema vum Cours „Liens de parenté entre les êtres vivants » gutt illustréiert ginn a jiddereen hat immens vill Spaass um Léieren!