Babysitter Diplom

Babysitter Ausbildung am LRSL

Description


Den 19 an 20. Mee 2025 war Babysitter Ausbildung am LRSL. Dëst zesummen mat der Erzéiongs- an Familljeberodung vun der AFP- Solidarité-Famille Asbl.

Enner der Leedung vum Nicole Heinen, Mataarbechterin bei der AFP sinn 16 Schülerinnen während 2 Nomëtteger bis owes 18h00  an der Schoul bliwwen fir drun deel ze huelen. 

Wesentlech Informatiounen am Beräich vun der Entwécklung an Entwécklungsförderung   aus psychologescher an pädagogescher Siicht goufe vermëttelt.

D’Infirmière Nicole Keiser  huet eis Jugendlech dann nach zousätzlech iwwer Kannerkrankheeten, Verletzungen an Versuergen vun klenge Kanner informéiert.

Unhand vun Baby Poppen konnten eis Schüler üben Wëndelen ze  wiesselen. Stabil Säitelaag bei engem Noutfall gouf a geübt an nach ganz vill méi praktesch Übungen stoungen um Programm.

Mir wënschen eise Schüler vill Erfolleg an vill Spaass bei hirer net ëmmer sou einfacher an verantwortungsvollen Beschäftegung.

 Retour aux articles