
Präis- a Scheckiwwerreechung vum LRSL Fairtrade Laf 2025
Description
Den 18. Juni 2025 waren d’Gewënner vum Fairtrade Laf zesumme mat de Vertrieder vun den Organisatioune Fairtrade Lëtzebuerg, Padem, LUkraine an 2care2share invitéiert, fir a Präsenz vun der Direktioun den Ofschloss vum Fairtrade Laf ze feieren.
Eis engagéiert Schüler a Schülerinne vum Fairtrade Comité hunn sech net gescheit, fir an de Mikro ze schwätzen an hunn op eng flott Manéier duerch de Programm geféiert.
Als éischt hunn d’Leefer a Leeferinnen hir Präisser an Zertifikaen houfreg entgéintgeholl. Duerno hunn d’Vertrieder vun de 4 Organisatioune jeeweils e Scheck iwwer 1200 Euro iwwerreecht kritt. Uschléissend haten si d’Geleeënheet, fir der Audienz e klengen Iwwerbléck iwwer hir Organisatiounen an d’Verwendung vun eise Spenden ze presentéieren.
Fir 2care2share waren et d’Grënnungsmemberen, d’Madame Mette Garby an den Här Jean-Philippe Bailly, zesumme mat der Madame Nathalie Post. Si hunn zu Arusha am Tansania e Weesenhaus opgebaut, wou säit 2017 iwwer 20 Kanner mat vill Léift betreit ginn. Si kréien d’Chance, eng gutt Schoul ze besichen an domat eng Perspektiv fir e Liewen an Dignitéit.
D’Organisatioun 2care2share sicht och ëmmer jonk Leit ab 17-18 Joer, déi bereet sinn, e Volontariat am Weesenheem ze absolvéieren. D’Julie Beckius, Schülerin vun enger 2e am LRSL, huet sech dofir gemellt an trëtt an e puer Wochen d’Rees op Arusha un. Mir wënschen him vill Erfolleg a freeën eis, fir Nouvellë vun him ze kréien !
Fir Padem (Programmes d’Aide et de Développement destinés aux Enfants du Monde) huet d’Madame Dominique Noirjean e Projet presentéiert, dee mir schonn säit enger Rei vu Joren duerch Spenden ënnerstëtzen. D’Zil ass, fir an der Regioun Matam am Senegal géint d’Exploitatioun vun den Talibés Kanner unzegoen. Déi extrem Aarmut dreift vill Familljen dozou, hir Jongen - wäit ewech vun doheem - a Koranschoulen ze schécken, an der Hoffnung op e bessert Liewen. Leider ginn d’Kanner do awer oft mësshandelt an dozou gezwongen, heeschen ze goen oder schwéier a geféierlech Aarbechten ze maachen. De Projet vu Padem huet als Zil, d’Kanner vun der Strooss ze huelen, hir Rechter ze stäerken an hir Liewenskonditiounen an Ausbildung ze verbesseren.
Fir Fairtrade Lëtzebuerg huet den Här Steven Urbanski d’Madame Florence Plet-Vincioni, déi zoustänneg Persoun fir d’Fairtrade Schoulen, vertrueden. Hien huet d’Regioun Kivu am Oste vun der D.R. Kongo presentéiert, déi bekannt ass fir de kommerziellen Ubau vu Kaffi, och vu Fairtrade Kaffi. Mat eise Spende bedeelege mir eis un engem Projet vu Fairtrade Lëtzebuerg, fir am Kivu eng Kaffisréischterei opzebauen an domat nei Aarbechtsplazen an e Revenu fir d’Leit an der Regioun ze schafen.
Fir d’LUkraine, déi mir säit 3 Joer ënnerstëtzen, war den Här Ievgenii Smoliak komm. Hien huet eis matgedeelt, datt eis Spenden agesat gi fir déi mental Gesondheet vun ukrainesche Kanner ze stäerken, déi ënnert de Suite vun deem brutale Krich géint hiert Land leiden.