20250503 112948

Portes Ouvertes 2025

Description


Den 3. Mee hate mir eis Portes Ouvertes.

Mir haten immens flott Ateliere bei deene mir weise konnte wat mir alles an eiser Schoul ubidden. An der grousser Sportshal hate mir ënnert anerem de Réagis wou d’Kanner gewise kritt hu wéi si eng Häerzdrockmassage maachen, et konnt een op eiser Kloterwand klammen, oder sech déi verschidde Stänn ukucken. Hei ware virun allem eis Parascolaire Aktivitéite vertrueden, wei eis Schülerzeitung, de Schachclub, d’Eischt Hëllef Team, an eist Actionteam4future, fir der nëmme puer opzezielen.

Am néie Gebai war och vill ze entdecken. An der Bibliothéik war eise Liesclub mat enger klénger Schnitzeljagd an engem Storygame, an am Medie Sall huet eis moderniséiert A Klass, d’A-LLCO en Atelier iwwer Fake News gehalen. Och eis 7e a 6e Découvertes hunn an hire jeeweilege Klassesäll gewisen dass een och bëssen anescht Schoul hale kann, a wat si schonn alles zesummen erlieft hunn op am Klassesall, oder dobaussen. An der Bio war och vill Liewen hei kruten d’Kanner gewise wéi si mat engem Mikroskop schaffen a si hunn DNA Prouwen geholl an sech déi ugekuckt. D’Chimie huet gewisen dass een sech och kann ameséieren a wann et net knuppt. Si hu mat Hëllef vu Waasser, Seef an Drëscheneis Megabubbles gemaach an och erkläert wei een de pH Wäert moosst.

Wien méi iwwer den Oflaf vun eiser Schoul wollt wëssen, huet sech d’Ried vun eiser Direktesch der Madame Remakel unhéieren. Et huet och kee missen hongereg Heem goen, eis 2BC huet nämlech dobausse gegrillt an an engems bësse Sue fir hiere Voyage Scientifique gesammelt.

Mir soe jidderengem dee matgehollef huet e ganz grousse Merci, a mir soen iech och Merci dass dir alleguer laanscht komm sidd. 

Fotogalerie

 Retour aux articles