
LRSL Fairtrade Laf 2025
Description
Den traditionellen LRSL Fairtrade Laf huet dëst Joer ronn 170 Schüler a Schülerinnen an e puer Enseignanten dozou beweegt, iwwer 4000 Ronnen ronderëm d’Schoul ze dréien. Eng Parti ambitionéiert Leefer a Leeferinnen, mee och ganz Klassen, hu sech iwwertraff, fir den 1. Präis ze gewannen. Anerer si méi getrëppelt wéi gelaf, dobäi hu si sech vläit scho mental op déi nächst Prüfung préparéiert.
D’Plaz vun der beschter Klass deelen sech d‘7C3, d’ACCU1 an d’CLIJA1.
De Podium vun de Meedercher:
1. Dita Giltaire (2BC1) mat 15 Ronnen
2. Ylvi Lepage Post (5C3) mat 13 Ronnen
3. Julie Beckius (2BC1), Sarah Breger (3BC1) a Mélyssandre Klepper (3BC1)
De Podium bei de Jongen:
1. Guillaume Bock (5C3) a Mohamed Pouye (ACCU1)
3. Louis Bourgnon (3CD2), Erik Hruban (7C3), Pablo Junker (3BC1), Said Mortaza Rezai (CLIJA1) a Ben Wagener (7C3)
Bei den Enseignanten woren d’Madame Martine Rettel an den Här Filipe Martins, allen zwee mat 13 Ronnen, am schnellsten ënnerwee.
Den Erléis vum Fairtrade Laf geet dëst Joer un d‘Organisatiounen Fairtrade Lëtzebuerg, Padem, LUkraine an 2care2share. Ween de Fairtrade Laf ënnerstëtze wëll, kann dat nach maachen bis de 15. Juni 2025.
Iwwerweisung op de Konto vu PADEM:
BILLLULL LU81 0021 1689 1320 2200
Mam Vermierk: LRSL Fairtrade Laf 2025
Cash: Suen an enger Envelopp mat Numm drop am Sekretariat vum LRSL ofginn.