P1012176 Kopie 2

Temoignage vum Pauline Kayitare

Description


Den 23. Abrëll hate mir d’Pauline Kayitare op Besuch. An hirer Autobiographie “Tu leur diras que zu es hutue” erzielt Si wei Si de Genozide 1994 zu Ruanda wéi duerch e Wonner iwwerlieft huet. Si huet eise Schüler en immens emouvanten Temoignage gehal, an d’Schüler konnten sech en Abléck maache wéi schlëmm d’Situatioun wärend der Zäit am Ruanda war. Dono haten d’Schüler och nach d’Méiglechkeet Froen ze stellen an d’Buch signéieren ze loossen.

D’Schüler waren immens interesséiert an och der Meenung dass et wichteg ass iwwer esou Themen ze schwätzen ebe fir dass se net a Vergiessenheet geroden. Mir soe Merci fir deen immens wichtegen Austausch zwëschent de Schüler, de Proffen an dem Pauline Kayitare.

Fotogalerie

 Retour aux articles