Visites 6e Green Days 2024

Am Kader vun de Green Days waren ons 6e Klassen  den  2ten an 6ten Februar bei de Syndicat des Eaux du Sud Koerich (SES). Hei kruten si no enger theoretescher Aféierung gewise wéi Quellewaasser aus dem lëtzebuerger Sandsteen gefaasst, opbereet an an d’Leitungsnetz agespeist gëtt. No der Visite zu Käerch vun der Pompelstatioun an nodeems all d’Schüler eng Quellefaassung vu banne konnte kucken, stoung nach eng Visite am Reservoir um Réibierg (Hivange) um Programm. Hei kruten ons Schüler gewise wéi esou e Reservoir opgebaut ass, an zum Schluss konnte si och e Bléck aus der Spëtzt vum Reservoir werfen an dobäi e schéine Panorama genéissen.

Fotogalerie