Wou? Wéini? Kontakt?

Wou?
Am neie Gebai, nieft der Proffekonferenz
 

Wéini ass op?
Méindes bis Freides vun 8.00 - 16.00 Auer
 

Kontakt:
Mme Sonia SCHMIT -  
Mme Christina ALEXIOU -  

228 214 - 228    
 

  

Informations

D'Schoulbibliothéik vum LRSL ass op fir all d'Schüler an d'Proffen vun eisem Lycée. Hei kënnt der a Rou är Hausaufgabe maachen, gemittlech Bicher an Zeitunge liesen an är Online Recherche fir déi nächst Powerpoint Presentatioun maachen.

Wann dir eng Fro iwwert e Buch oder iwwert d'Fonctionnement vun der Bibliothéik hutt, kënnt dir mech jidderzäit froen.

An der Bibliothéik sti sechs Computeren.

Hei kënnt dir är Online Recherche maachen an Hausaufgabe schreiwen.

D'Computere sinn allerdings net geduecht fir Fräizäitaktivitéiten wéi Spiller oder Facebook.

An der Mëttesstonn, no zwou Auer oder wann der eng Sprangstonn hutt, kënnt dir hei léieren, liesen oder schreiwen.

An der Mëtt vun der Bibliothéik gëtt et eng Lieseck.

D'Bicher, Zeitungen a Referenzwierker si fir jidderee fräi zougänglech. Stellt d'Bicher herno w.e.gl. rëm op déi richteg Plaz zréck.

Wann dir net sécher sidd, wou et higehéiert, da gitt et bei mir of.

Schüler verschéineren d'Bibliothéik. Déi Konschtwierker, déi dir an a vrun der Bibliothéik gesitt, sinn all vu Schüler aus dem LRSL.

 

         

FAQ Bibliothéik LRSL

Wat fir Bicher an Zeitunge ginn et an der Bibliothéik?

D'Schoulbibliothéik vum LRSL huet ongeféier 10.000 Bicher. Dat meescht si literaresch Wierker, also Romaner, Jugendromaner, Kuerzgeschichten, Theaterstécker oder Gedichter. D'Haaptsprooche sinn däitsch, franséisch an englesch, mee mir hunn och Bicher op lëtzebuergesch, spuenesch, italienesch, latäin a russesch. Ausserdeem hu mer Biographien, Dictionnairen, Lexikonen a Bicher iwwert d'Geschicht, Biologie, Mathematik, BD... Mir sinn op folgend Zeitungen abonnéiert (no Sprooch sortéiert):

  • Däitsch: Die Zeit, Spiegel, GeoEpoche
  • Englesch: New Scientist, Today, Spotlight
  • Franséisch: Ecoute, Virgule, Je bouquine, Science et vie junior, Science et avenir, Science e vie, Philosophie, Courrier international, Alternatives économiques, Revue de la presse
  • Spuenesch: Ecos, Revista de la prensa


Wou fannen ech dat Buch, wat ech sichen?

D'Bicher an d'Zeitungen sti fräi zougänglech an de Regaler. Si stinn sortéiert no Sproochen: Déi däitsch, franséisch, spuenesch, italienesch, russesch a Science Bicher sti riets, déi englesch a latäin Bicher, Geschicht, Philosophie, BD, Dictionnairen an Lexikone sti lenks. Innerhalb vun enger Sprooch sinn d'Bicher alphabetesch nom Numm vum Auteur sortéiert. Stellt d'Bicher also w.e.gl. erëm richteg op hir Plaz!

Dir kënnt och vun doheem aus op eisem Online Katalog kucken, ob et dat Buch, wat dir sicht, an der Bibliothéik gëtt. Wann dir mam Katalog net eens gitt, oder e Buch net fannt, da frot mech einfach.


Kann een d'Bicher an d'Zeitungen och mat heem huelen?

D'Bicher an d'Zeitunge kënnen ausgeléint ginn. Kommt dofir einfach mam Buch bei mech an ech notéieren dat am Fichier. Dir kënnt e Buch e puer Wochen halen, mee bréngt et spéitstens um Enn vum Schouljoer zréck. Wann dir en neit Buch ausléine wëllt, musst dir fir d'éischt dat alt zeréckbréngen.

D'Dictionnaire kënne just an der Bibliothéik gekuckt ginn. Ausnahmsweis kënnt dir en Dictionnaire mat an d'Klass huelen, wann dir ären doheem vergiess hutt. E muss awer dann direkt no der Schoulstonn zeréckbruecht ginn.


Kascht dat eppes?

Nee, de Prêt ass fir d'Schüler a Proffen vum LRSL gratis. Just d’Klassesätz kaschten 1 Euro pro Buch. Wann dir e Buch verluer hutt, musst dir selbstverständlech en neit fir d’Schoul kafen.


Ass d'Bibliothéik och an de Schoulvakanzen op?

An de Schoulvakanzen ass d'Bibliothéik nëmmen op, wann ech do sinn. Sot mer also Bescheed, wann dir laanscht komme wëllt! Am beschten, dir rufft virdrun un oder schreift mer e Mail.

De ganzen August iwwer ass d'Bibliothéik zou.


Kann ech Kopie maachen?

Fir Saachen aus dem Computer ze printen, frot bei mir un.


Kënne mer zesummen an der Bibliothéik léieren?

An der Bibliothéik soll et roueg sinn, fir dass kee beim Léiere gestéiert gëtt. Dir kënnt awer lues matenee schwätzen, wann der zesumme léiert.


Däerf een an der Bibliothéik iessen an drénken?

Normalerweis net. D'Iessen aus der Kantinn däerf net mat an d'Bibliothéik bruecht ginn. Eng Fläsch Waasser géint den Duuscht an e Stéck Schokla ass awer an der Rei, soulaang der kee Knascht maacht.