Remise iPad 2020/201

Am Ufank vum Schouljoer 2020/21 huet de Lycée Robert-Schuman seng iPad Klassen weider ausgebaut. Vum 21.- 23. September kruten d'6e an 3A* Schüler hiren iPad am Festsall vum Lycée iwwerreescht. D'Remise war op dräi Owender verdeelt fir déi aktuell Covid- Mesuren kënnen anzehalen.
Am Kader vum Projet One2one kënnen elo all 6e bis 4e Schüler, d'Klassen 3A* an 2A* den iPad an hirem Cours notzen.
Projet "One2one"
Projet "One2one' op alle 6e Klassen am LRSL Am Kader vum Projet 'One2one' schaffen säit Ënn September vun dësem Schouljoer 2018/19 unn, déi véier 6e Klassen souwéi d'5CLC1 aus dem LRSL an alle Coursen mam iPad. Dëst ass eng flott Méiglechkeet fir nieft dem klassesche Buch, Heft a Stëft d' Matière vum Cours op eng spannend an innovativ Aart ze erliewen an zesummen an digital Welten virzestoussen.
Mir wënschen hinne vill Freed mat deem neien Outil. De Schüler an Enseignanten vun der 6CLC1 vum lëschte Schouljoer nach eng Kéier e grousse Merci, well duerch hiert exemplarescht Schaffen mam iPad an hier Motivatioun gouf dëse Projet op all 6e Klassen ausgedeent.
Fotoen
"One2one" op de 6e Klassen an der 5CLC1
Während dësem Schouljoer hunn eis véier 6e Klassen souwéi d’ 5CLC1 den iPad an hire Coursen agesat deen fir en aktivert a kollaborativert Léieren gesuergt, an d’ Schüler an hirem autonomen Léierprozess ënnerstëtzt huet. Hei e kléngen Iwwerbléck vun Applicatiounen mat deenen si dat ganzt Joer geschafft hunn.
Remise vun den iPad un d'Klass 6CLC1
Am Kader vum Projet One2one huet en Donneschdeg den Owend um 18:00 Auer d‘Remise vun den iPad un eis éischt iPad-Klass am Festsall vum LRSL stattfonnt. All d‘Schüler vun der Klass 6CLC1 waren mat hiren Elteren a Enseignanten bei dësem groussen Event derbäi, an hunn mat Begeeschterung aus den Hänn vun der Direktioun hiren iPad entgéint geholl.
Charte des classes « iPad »
iPad Charta 2021 (395.46 Ko) |