Green Days op der 5e

De Workshop op der 5e huet follgend dräi Themen behandelt:
 

1) “Comprendre le changement climatique”:

D’ Schüler kruten en Abléck an den Klimawandel an déi doraus resultéiert humanitär an wirtschaftlech Krisen unhand vun engem Kléngbauer aus Karatu (Tansania). Dono hunn d’ Schüler missen selwer iwwert hiren Roll an der ganzer Klimakris nodenken.
 

2) “Der wirkliche Preis meines Handys”

An dësem Workshop hunn d’ Schüler al Handyen auserneen gebaut fir ze kucken wéi eng Ressourcen fir déi eenzel Komponenten benotzt goufen an wéi déi Ressourcen gewonnen gi sinn. Zum Schluss gouf d’ Gewënnung vun den Materialien unhand vun engem Film iwwert d’ Exploitatioun vun enger Minne am Kongo gewisen.
 

3) ”Mit dem Smartphone für mehr Nachhaltigkeit”

D’ Schüler kruten en Abléck wéi een de Smartphone nohalteg notze kann an hunn sech kritesch mat den diversen Medien an Informatiounen auserneen gesat. De Smartphone als “Segen” an net als “Fluch” ze gesinn, dat war d’ Zil vum Workshop.