Projet interdisciplinaire 5e

  

            

Projet interdisciplinaire 2016/2017

Dëst Joer haten Schüler vun den 5ièmes aus dem Lycée Robert-Schuman am Kader vum Projet interdisciplinaire 2017 erëm Méiglechkeet vum 01. Bis den 03.Mäerz vill ronderëm een gemeinsamt Thema ze entdecken an ze erliewen. Thema dëst Joer war Thema d’Äerd an dobäi ass souwuel eisen Planéit Äerd (fr.: la Terre) gemengt, ewéi och d’Äerd am Sënn vun Buedem (fr.: la terre). D’Schüler hunn sech vill Froen gestallt an d’Thema Äerd ënnert sengen villen Facetten ze beliichten. Hei just en puer Beispiller:


Atelier "Lehmbauten":
Wat fir Techniken kann ech uwenden fir mat Äerd/Lehm ze bauen.

Atelier "Ech bauen mir meng Welt":
Wat brauch ech fir meng eegen Welt ze bauen.

Atelier "Lancement d’un ballon stratosphérique":
Wéi kann ech Fotoen vun der Äerd aus der Stratosphär maachen.
 

   

   


Den ganzen Projet gouf ofgeschloss mat enger Presentatioun, wou d’Schüler hier Aarbechten virun engem Publikum virgedroen hunn.