Mat A-LLCO-Schüler*innen op Filmconcour'en

MicrosoftTeams-image

De Buda Angelo an de Lomartire Alessandro vun der 3eA-LLCO hu sech am Mäerz mat hirem Kuerzfilm fir de Jugendfilmconcours «Crème fraîche» qualifizéiert, dee bekanntlech all Joer am Kader vum Luxfilmfestival organiséiert gëtt. Am Februar haten den Angelo, den Alessandro, d’Léini Foog an d’Gabriela Vaz Rodrigues vun der 3eA-LLCO wéi och d’Lisa Lippert, d’Mia Meyer, d’Liliana Pais, d’Julie Petit, d’Carla Schuller an d’Sarah Thill vun der 2eA-LLCO mat Kuerzfilmer zum Thema «Freiheit» beim Concours vun den däitschsproochege Botschaften matgemaach. Bei dëser Geleeënheet huet den Angelo Buda den drëtte Präis vum Botschaftsconcours gewonnen. 

Fotogalerie


2A-LLCO am Filmatelier


D‘2A-LLCO huet den 3. Mäerz un engem filmanalyteschen Atelier am Casino deelgeholl. Si konnten hei hir filmanalytesch Kenntnisser verdéiwen an zwee Kuerzfilmer zesumme mam Filmexpert Boyd van Hoeij analyséieren. 

De Schwéierpunkt louch hei op der Billersprooch, a wéi mat Biller kommunizéiert gëtt. Dëst gouf besonnesch däitlech un engem iwwert 120 Joer ale Stommfilm iwwert d’Aschenputtel, de vu senger renger Erzielweis  just mat Biller besonnesch am Kontrast zu de ville konsuméierte kuerze Videoen op soziale Medien steet.


IMG 2886

1A-LLCO um Marketingseminar zu Iechternach
 

D‘1A-LLCO huet de 6. Mäerz un engem Marketingseminar am Lycée Classique d’Echternach deelgeholl. De Christian Thill vu Bergamont Bikes Germany huet am Spigelsall vun der Abtei de Schüler vun der 1A-LLCO vum LRSL zesumme mat den aneren Terminale vum Lycée des Arts et Métiers, Lycée Guillaume Kroll a Lycée Classique d’Echternach en Abléck an de Marketing vun der Vëlosfirma ginn. D’Schüler konnten sech de Konzept vun der Mark ukucken an hire Marketing analyséieren.
 


1A-LLCO: Schéine Succès beim Nationalen Vakanzen- a Reesfilmconcours am „Kinoler":

3

atgemaach beim „Frames4Holidays“ hunn dëst Joer och zwou Schülerinnen vun eiser 1A-LLCO: 

D’Kim Krämer huet sech mat sengem technesch a bildästheetesch gelongenen Drone-Film „Somewhere in the mountains“ qualifizéiert. 

Vum Pauline Cano goufen am Kahler Kino direkt zwee Filmer gewisen: „Esch/Alzette - Un coeur industriel devenu un paradis culturel“ an „Clervaux - Un aperçu du Nord“.

No engem Marathon vun 22 Filmer gouf dem Pauline säi Bäitrag iwwert Klierf mam „Prix d’encouragement“ ausgezeechent. 

Positiv bewäert huet d’Jury em di bekannten Komponistin Albena Petrovic souwuel di erfrëschend spontan Billersprooch vun eiser A-LLCO-Schülerin wéi och seng facettëräich an originell Behandlung vum filmeschen Thema.


1A-LLCO an 3A-LLCO beim Luxfilmfest

De Luxfilmfestival huet den 2. Mäerz fir d’Schüler vun der 1A-LLCO an 3A-LLCO ugefaangen. D’Schülerinnen Nathalie Ganko Goncalves a Béatriz Loureiro Pereira hunn den Encadrement vum Film „Kind Hearts“ iwwerholl. Si hunn mat den zwee Realisateuren d’Diskussioun iwwert hire Film geleet, un der awer och d‘3A-LLCO deelgeholl huet. De Dokumentarfilm iwwert eng jonk Léift huet zu interessanten Debate gefouert.
 


3A-LLCO op der Ouverture vum Luxfilmfest

D’Schüler vun der 3A-LLCO huelen och dëst Joer erëm un dräi Projeten vum Luxfilmfest deel. D’Schüler schreiwe mam Jeff Schinker u Filmkriticke fir d’Tageblatt, maache mam Jean-Claude Franck e Podcast fir den 100,7 a wielen als Jury Jeune 2023 erëm de beschte Film fir de jonke Public. Siwe Schülerinne waren dann och op d’Ouverture vum Luxfilmfest a konnte „Mon Crime“ vum Francois Ozon verfollegen.

  


E Spioun op der 1A-LLCO

D’Schüler vun der 1A-LLCO kruten den 28. Oktober Besuch vum Gerhard Beier, engem eemolege Spioun, den de Schüler seng beweegten an turbulent Liewensgeschicht erzielt huet. De Gerhard Beier ass 1930 gebuer an huet seng Jugend missen an der Napola verbréngen, da säi Papp kommunisteschen Deputéierten am Landtag war. Hien gouf duerno als Kannerzaldot vun de Nazien agesat, éier hien an der spéiderer DDR als Wirtschaftsspioun täteg war. Hien huet deemno net just d’Propaganda vun de Nationalsozialiste missen erliewen, mee huet spéider och d’Doktrinn vun der DDR materlieft. Hien huet de Schüler en Abléck a säi beweegte Liewe ginn.
 

IMG 1502
IMG 1503
IMG 1517

Bayota Filmfest 2

Zwou A-LLCO Schülerinnen um Bayota-Filmfestival:
 

Nodeems zwou Schülerinnen vun der 2A hiren Film um Bayota-Filmfestival, organiséiert vun der Bartrenger Gemeng an der ArcA-Kommissioun fir déi jonk Talenter ze fuerderen, agecheckt hunn, duerften si um finalen Filmconcours deelhuelen. Stattfonnt huet dësen den 16.Mee mat vollem Erfolleg fir 2A, déi sech iwwert den 1.Präis konnten freeën.

Blühendes Leben: https://www.youtube.com/watch?v=OTDZf_8stuQ


Mat A-LLCO-Schülerinnen zu Bartreng um „Bayota Young Talents Contest“

De Samschdeg, den 30.4 hunn 12 Schülerinnen vun eisen 3e A-LLCO an 2e A-LLCO -Klassen um Bayota-Workshop zum Thema „Interviewfilmen a Schneiden mam Ipad“ Deel geholl. Gehalen gouf dëse prakteschen Atelier vu Formateuren aus der SNJ-Mediafactory op d’Initiativ vun der Bartrenger Kulturkommissioun an der Lëtzebuerger Filmfederatioun.

Nom Workshop huet eng éischt Projektioun vun den agereechte Jugendfilmer am ARCA-Kinosall fir de Concours vum 16.5 stattfonnt. Hei huet eis Schoul, vun där ronn 60% vun de Filmbäiträg koumen, kloer dominéiert. Gelueft gouf an dësem Kontext schon am Virfeld di technesch héich Qualitéit vun eenzele Filmer - virun allem d’Kim Krämer an d’Pauline Cano vun der 1re A-LLCO si mat hire Produktiounen aus der Mass erausgestach. 

Bayota 1
Bayota 2

Mediendag op der 3A-LLCO

221109-0021

D’Schüler vun der 3A-LLCO hunn un hirem éischte grousse Mediendag deelgeholl. An dräi flotten Ateliere kruten si d’Theme Film, audiovisuell Medien a Printjournalismus méi no bruecht. All Schüler huet an der klenger Grupp un allen dräi Atelieren deelgeholl, déi souwuel en theoreteschen ewéi och en praktesche Volet haten.

D’Ateliere goufe gefouert vun den Experte Gianni Mersch (Film), dem Jeff Schinker, dem Sidney Wiltgen, dem Dhiraj Sabharwal (allen dräi Print) an dem Monica Camposeo (Audiovisuel).

D’Schüler ware begeeschtert vun den dräi flotten Atelieren, an dem Austosch mat den dräi Experten vu Film, Tageblatt an RTL,

an si hunn zesumme mam Monica Camposeo och en interessante Reportage iwwert déi nei Sektioun A vum RTL fir den RTL Lëtzebuerg gemaach. 
 

Fotogalerie
 


Workshop Décryptage d’Image am Casino


Eis 1A* huet de 9.3. un engem flotten Atelier zur Filmanalyse am Casino deelgeholl. D’Schüler hunn aktiv un der Diskussioun iwwert dräi Kuerzfilmer deelgeholl an den Impakt vu Biller analyséiert. Souwuel d’Analyse vum Stommfilm „Cinderella“ aus den 1920er Joren gouf diskutéiert, ewéi awer och zwee kontroverse franséische Kuerzfilmer vum Ozon.


Encadrement vum Film „Force of Habit” vun eiser 2A*
 

Direkt zwee Mol koume véier Schülerinne vun eiser 2A* um Luxfilmfest zum Asaz fir den Encadrement an d’Moderatioun vum Film „Force of Habit“ ze gestallten. D’Schülerinnen hunn den Debat vun dësem finnesche Film geleet. De Film erzielt sechs verschidde Geschichten, déi sech all ronderëm de Sujet vum sexuelle Mëssbrauch vu Fraen dréinen, an d’Regisseurinne vum Film ware bei enger Seance mat derbäi. Eis Schülerinnen hunn de Film analyséiert an d'Diskussioun iwwert dëse schwierege Sujet geleet.
 


3A* op der Ouverture vum Luxfilmfest
 

Den 3. Mäerz ware 7 Schülerinne vun eiser 3A* op der Ouverture vum Luxfilmfest invitéiert. Zesumme mat hirem Kommunikatiounsenseignant Luc Wildanger waren si am Kinepolis an hunn un der Zeremonie deelgeholl. Si hunn de Riede vun den Organisateuren, der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Kulturministesch Sam Tanson nogelauschtert. 7 Schüler vun der 3A* hunn als Jury Jeune vum Filmfestival matgewierkt.


De Jeff Schinker bei der 3A*
 

Den 2. Mäerz 2022 war den Auteur a Kulturjournalist Jeff Schinker bei eiser 3A*. Hien huet hinnen en Abléck ginn, ewéi Kulturjournalismus zu Lëtzebuerg funktionéiert. De Jeff Schinker schreift fir d’Tageblatt a publizéiert och eege Wierker. Hien huet de Schüler vun eiser 3A* erkläert ewéi e gudde Kulturzeitungsartikel entsteet.


Schüler vun der 3A* an 2A* publizéieren am Tageblatt

Den 3. Mee 2021 ass den Dag vun der Meenungsfräiheet, engem vun de grousse Fundamenter vun der Demokratie, an dat wichtegsten Handwierksgeschier vun der fräier Press an de Medien. D’Meenungs- a Pressefräiheet ass dofir och besonnesch fir d’Schüler vun eiser Sektioun A* wichteg, esou hunn d’Caroline Freilinger an d’Léa Blau vun eiser 3A* de Leitartikel zum Sujet vun der Meenungsfräiheet am Tageblatt geschriwwen, den den 3. Mee publizéiert gouf. Déi ganz Woch vum 3. Mee ginn no an no ëmmer erëm nei Artikele vun de Schüler vun eisen 3A* an 2A* publizéiert. Den LRSL seet dem Tageblatt Merci fir dës flott Kooperatioun


11. Editioun vum LUXFILMFEST

Vum 4. Bis de 14. Mäerz 2021 war déi 11. Editioun vum Luxfilmfest, un dem 3A* an 2A* vum LRSL participéiert hunn. D’Schüler vun der 3A* hunn etlech Filmer dierfe kucken an hu monter un den Diskussiounen zu de ganz ënnerschiddlech Filmer deelgeholl.

Nieft dem Kucke vun de Filmer an den Diskussiounen hunn d’Schüler vun der 3A* awer och un ënnerschiddleche Projete geschafft. Si hunn Podcasten fir de Radio 100,7 opgeholl, Filmkriticken fir d’Tageblatt geschriwwen, d’Diskussiounsronn zum Film « Kokon » geleet an als Jury Jeune de Film « Antigone » als beschte Film vum Festival ausgewielt.

Zesummen mam Här Wildanger konnten esou d’Sarah Catani, d’Rachel Fernandes an d’Alyssa Panzone och un der Präisiwwerreechung am Kinepolis deelhuelen.


1ed52b089d0e65aafdbc92742cbc9749

 

RTL Today: Media education in Luxembourg

A blessing and a curse? Pupils on coronavirus and education


64331 cx  cy  cw  ch -1-1024x681 (002)

Publikatioun am Tageblatt: Home Schooling an der Famill

 

Am Kontext vum Cours « Pratiques des Médias » op eiser 3A* huet d’Lena Back e flotten Artikel iwwert den Home Schooling an enger Famill duergestallt, an der d’Mamm als Joffer vun doheem schafft, de Papp am Home Office schaffe muss, an hatt zesumme mat sengem klenge Brudder digital un de Coursen deelgeholl huet. De flotten Artikel ass de 4.
Mee am Tageblatt erauskomm.


Artikel Tageblatt


05.03.20

3A* féiert den Dialog iwwert „Nur eine Frau“ zur Ouverture vum Luxfilmfest

 

De 05. Mäerz huet eis 3A* d’Verantwortung iwwerholl an den Dialog mat anere Schüler iwwert den däitsche Film “Nur eine Frau” am Utopia geleet. Et war den 1. Film den nach virun der Erëffnung owes gewise gouf. Eis Schüler haten de Film scho virun der Première gekuckt an analyséiert. De Film, den op der Realitéit baséiert, huet d’Schüler immens beweegt, an d’Geschicht em een Éieremord huet si och rose gemaach.

D'Schüler haten de Film "Nur eine Frau" schonn am Cours gesinn, an d'Lara an d'Pauline vun eiser 3A* hate sech Sujeten iwwerluecht, déi een nieft der allgemenger Filmanalyse diskutéiere kéint.

D’Pauline an d’Lara vun eiser 3A* hunn dunn och zesumme mam Isabel Spigarelli vun der Woxx d’Leedung vun der Diskussioun iwwerholl. Si hunn ënnert anerem iwwert d’Rollebiller vu Mann a Fra, déi filmesch Mëttel vum Film, mee och iwwert d’Emotiounen, den dësen ausléist mat Schüler aus anere Lycéeën diskutéiert.


05.03.20

3A* op der Soirée d‘Ouverture vum Luxfilmfest

 

Eis 3A* hat de 05. Mäerz owes déi grouss Éier op der Soirée d’Ouverture vun dem 10. Luxfilmfestival deelzehuelen. Si waren opgrond vun hirer Tätegkeet als jonk Journalisten a Filmkritiker op d’Ouverture invitéiert.

Déi ganz Klass war dann och owes um 19.00 Auer am Kinepolis an huet no de Riede vun ënner anerem der Presidentin vum Luxfilmfest, dem Colette Flesch, der Stater

Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Kulturministesch Sam Tanson d’Avant Première vum amerikanesche Film “Promising Young Woman” materlieft.

Dës amerikanesch Produktioun huet duerchaus iwwerrascht. De Film huet Elementer vun der Comedy, dem Drama, mee souguer och vum Thriller iwwerholl an huet d’Schüler, mee och de Publik mat iwwerraschende Wendunge begeeschtert.


11.02.2020

Pressekonferenz Luxfilmfestival

 

Den 11. Februar war eis 3A* op der Pressekonferenz vum 10. Luxfilmfestival present. D’Schüler vun eiser neier Sektioun konnten esou eng éischte Kéier ganz no derbäi sinn a kucken ewéi eng Pressekonferenz ofleeft, an ewéi op sou enger Veranstaltung kommunizéiert gëtt.

An de kommende Woche wäerten d’Schüler da vill praktesch Erfarung sammelen, wann si net just d’Filmer vum Filmfestival kucke ginn, mee och un ënnerschiddleche Projete mam 100komma7, dem Tageblatt an der Jury Jeune deelhuele wäerten.

Zudeem wäerten si hiert Wëssen iwwert Filmanalysen uwende fir e puer Rezensiounen zu de Filmer vum Filmfestival ze verfaassen.


Wien ass d‘Claudine Muno?

Eng Liesung wéi keng aner

Den 9. Januar 2020 souze véier Klassen aus dem LRSL an der Aula versammelt. Firwat? Ma well d’Claudine Muno do war! Wien ass dat dann? Ee Mënsch, dee ganz vill kann!

D’Claudine Muno sëtzt sech op de Buedem vun der Bün, obwuel och e Stull prett steet. „Sou sinn ech net sou wäit vun iech fort“, sot si an huet domat direkt d’Äis tëscht him an de Schüler gebrach. Fir d’Éischt huet si aus hirem neiste Buch „Sou, wéi et net war“ gelies. Dertëscht huet si ëmmer rëm Plaz fir Froe gelooss, an d’Publikum an eng flott Diskussioun agebonnen. Vum drëtte Weltkrich bis zu hirem Liblingspersonnage war alles derbäi. Duerno huet si zwee vun hire Lidder gesongen. Hir staark an inspiréierend Stëmm huet déi ganz Aula verzaubert. D’Liesung gouf mat engem gudde Stéck Kuch gekréint, an all d’Schüler hunn de Sall mat engem Laachen am Gesiicht an enger flotter neier Erfarung verlooss.

Wien d’Claudine Muno ass, wäerte si sou séier net vergiessen.

Eline Klaassen (3e A*)