ROADS Movie

05.03.19
3A* féiert den Dialog iwwert „Nur eine Frau“ zur Ouverture vum Luxfilmfest
De 05. Mäerz huet eis 3A* d’Verantwortung iwwerholl an den Dialog mat anere Schüler iwwert den däitsche Film “Nur eine Frau” am Utopia geleet. Et war den 1. Film den nach virun der Erëffnung owes gewise gouf. Eis Schüler haten de Film scho virun der Première gekuckt an analyséiert. De Film, den op der Realitéit baséiert, huet d’Schüler immens beweegt, an d’Geschicht em een Éieremord huet si och rose gemaach.
D'Schüler haten de Film "Nur eine Frau" schonn am Cours gesinn, an d'Lara an d'Pauline vun eiser 3A* hate sech Sujeten iwwerluecht, déi een nieft der allgemenger Filmanalyse diskutéiere kéint.
D’Pauline an d’Lara vun eiser 3A* hunn dunn och zesumme mam Isabel Spigarelli vun der Woxx d’Leedung vun der Diskussioun iwwerholl. Si hunn ënnert anerem iwwert d’Rollebiller vu Mann a Fra, déi filmesch Mëttel vum Film, mee och iwwert d’Emotiounen, den dësen ausléist mat Schüler aus anere Lycéeën diskutéiert.
05.03.19
3A* op der Soirée d‘Ouverture vum Luxfilmfest
Eis 3A* hat de 05. Mäerz owes déi grouss Éier op der Soirée d’Ouverture vun dem 10. Luxfilmfestival deelzehuelen. Si waren opgrond vun hirer Tätegkeet als jonk Journalisten a Filmkritiker op d’Ouverture invitéiert.
Déi ganz Klass war dann och owes um 19.00 Auer am Kinepolis an huet no de Riede vun ënner anerem der Presidentin vum Luxfilmfest, dem Colette Flesch, der Stater
Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Kulturministesch Sam Tanson d’Avant Première vum amerikanesche Film “Promising Young Woman” materlieft.
Dës amerikanesch Produktioun huet duerchaus iwwerrascht. De Film huet Elementer vun der Comedy, dem Drama, mee souguer och vum Thriller iwwerholl an huet d’Schüler, mee och de Publik mat iwwerraschende Wendunge begeeschtert.
11.02.2019
Pressekonferenz Luxfilmfestival
Den 11. Februar war eis 3A* op der Pressekonferenz vum 10. Luxfilmfestival present. D’Schüler vun eiser neier Sektioun konnten esou eng éischte Kéier ganz no derbäi sinn a kucken ewéi eng Pressekonferenz ofleeft, an ewéi op sou enger Veranstaltung kommunizéiert gëtt.
An de kommende Woche wäerten d’Schüler da vill praktesch Erfarung sammelen, wann si net just d’Filmer vum Filmfestival kucke ginn, mee och un ënnerschiddleche Projete mam 100komma7, dem Tageblatt an der Jury Jeune deelhuele wäerten.
Zudeem wäerten si hiert Wëssen iwwert Filmanalysen uwende fir e puer Rezensiounen zu de Filmer vum Filmfestival ze verfaassen.