Mediendag op der 3A-LLCO

Description


D’Schüler vun der 3A-LLCO hunn un hirem éischte grousse Mediendag deelgeholl. An dräi flotten Ateliere kruten si d’Theme Film, audiovisuell Medien a Printjournalismus méi no bruecht. All Schüler huet an der klenger Grupp un allen dräi Atelieren deelgeholl, déi souwuel en theoreteschen ewéi och en praktesche Volet haten.

D’Ateliere goufe gefouert vun den Experte Gianni Mersch (Film), dem Jeff Schinker, dem Sidney Wiltgen, dem Dhiraj Sabharwal (allen dräi Print) an dem Monica Camposeo (Audiovisuel).

D’Schüler ware begeeschtert vun den dräi flotten Atelieren, an dem Austosch mat den dräi Experten vu Film, Tageblatt an RTL, an si hunn zesumme mam Monica Camposeo och en interessante Reportage iwwert déi nei Sektioun A vum RTL fir den RTL Lëtzebuerg gemaach. 
 

https://www.rtl.lu/radio/reportage/s/4191877.html

https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/1990427.html

 Retour aux articles