Matinée des professions

Description


Op der „matinée des professions“ haten d’ Schülerinnen a Schüler déi spannend Geleeënheet an d’ Beruffswelt anzedauchen. Insgesamt stoungen 30 verschidde Beruffer zur Auswiel, déi de Schüler präsentéiert goufen.

All Schüler konnt un 3 verschiddenen Presentatiounen senger Wiel deelhuelen. Dëst huet hinnen d’ Méiglechkeet ginn ënnerschiddlech berufflech Perspektiven kennen ze léieren a wäertvoll Ablécker an déi verschidden Aarbechtsfelder ze kréien.

Mir soen all de bedeelegten Experten an Entreprisen Merci, déi eis et erméiglecht hunn dëst Event ze organiséieren.

D’ Cellule d’ Orientation et d’ Intégration (COI) an Zesummenaarbecht mat der Elterevereenegung APE.

 Retour aux articles