IMG 20231221 160738

Klammen am “Funny Mountain”

Description


Déi eng waren Donneschdes den 21ten Dezember schonn an der Chrëschtvakanz, déi aner haten sech nach eng lescht kéier e r-d-v gi vir 2023 e bësse klammen ze goen.

Et goung an den “Funny Mountain” hei vir an der Belge.

Mat Klamm-Equipement  a gudder Laun goufen déi verschidde Maueren, Bäll, Balken an Tierm erklomm fir sech dann vun uewen erëm of ze seelen oder kontrolléiert ze falen.

E flotte Spaass fir si alleguerten. Et gouf vill gelaacht an esou munch stolz Gesiichter konnte mir och entdecken.

Fotogalerie

 Retour aux articles