BNE Foire

Description


Den LRSL war mat engem Stand den 20. Abrëll 2023 op der BNE Foire vertrueden. 

Eis Schoul huet och e Workshop ugebueden mam Sujet « Um Wee zur Nohaltegkeet an der Schoul », wou Madamm Lux, eng Introduktioun zou dem Projet « Sustainable Entrepreneurial Schools » an Ëmsetzung am LRSL presentéiert huet. Madamm Pescatore an eng Schülerin vum Fairtrade Comité an och Madamm Baden mat Schüler vum LRSLActionTeam4Future, hunn dono nach eng flott Presentatioun gemaach, déi zou engem interessanten Austausch mat de Participante vum Workshop gefouert hunn. Et war fir eis Schoul eng gutt Geleeënheet Kontakter ze knëppen a wäertvoll Experienzen auszetauschen.


De Fairtrade Comité vum LRSL sensibiliseéiert d’Schoulcommunauteéit fir de fairen Handel, organiséiert Aktiounen, wéi z.B. de Fairtrade Laf an d’Ouschteraktioun, a bedreift e klenge Verkafsstand. D’LRSL Actionteam4future steet fir Aktioune wéi den Nohaltegkeets- rallye, d’Organisatioun vun enger Table- Ronde an d’Aféiere vun Ökodelegéierten. Si ware mat engem Stand op der Klimaexpo an online bei der COP27

 Retour aux articles