Babysitter Ausbildung am LRSL
Description
Den 4. an 6. Oktober 2022 war Babysitter Ausbildung am LRSL. Dëst zesummen mat der Erzéiongs- an Familljeberodung vun der AFP- Solidarité-Famille Asbl.
Enner der Leedung vum Julia Koch, Mataarbechterin bei der AFP sinn 20 Schülerinnen an 1 Schüler während 2 Nomëtteger bis owes 18h00 an der Schoul bliwwen fir drun deel ze huelen. RESPEKT
Wesentlech Informatiounen am Beräich vun der Entwécklung an Entwécklungsförderung aus psychologescher an pädagogescher Siicht goufe vermëttelt.
D’Infirmière Nicole Keiser huet eis Jugendlech dann nach iwwer Kannerkrankheeten, Verletzungen an Versuergen vun klenge Kanner informéiert.
Mir wënschen eise Schüler vill Erfolleg an vill Spaass bei hirer net ëmmer sou einfacher an verantwortungsvollen Beschäftegung.