Rassismus

Rassismus!? Auch bei uns?

Description


Den 02. an den 10. Mee huet den Zenter fir interkulturell Educatioun (IKL) en zweestonnegen Atelier iwwer Rassismus fir d’3ièmes-Klassen vum LRSL animéiert. Dobäi goung et ëm d’Rassismus-Sensibiliséierung, woubäi verschidden Formen a Wierkungen vu Rassismus, Stereotypen esou wéi interaktiv Diskussiounen um Plang stoungen.

Eegenen Aussoen no, konnten munch Schüler am meeschten vun den Diskussiounen profitéieren, aneren huet déi interaktiv Dynamik vum Atelier gefall.

Merci un d’Équipe vum IKL.lu

 Retour aux articles