Spenden fir d’Ukrain

Description


De Nohaltegkeets-Comité vum LRSL huet e Méindeg, de 7.3.2022, eng Spendenaktioun zu Gonschten vun der Ukrain gestart, déi bis den 11.3.2022 gaangen ass. Déi gespente Saachen hu mir dunn un d'Organisatioun "ASBL LUkraine" weiderginn, déi se dann virun an d'Ukrain transportéiert. E grousse Merci geet un eis Directrice, déi den Accord fir d'Aktioun ginn huet, un d'Membere vum Nohaltegkeets-Comité an un all déi Schüler déi un der Aktioun deelgeholl hunn , un d'Conciergen déi eis e Raum zur Verfügung gestallt hunn, fir d'Spenden ze sammelen, an déi eis gehollef hunn, d'Saachen op d'Sammelplaz vun der „ASBL LUkraine“ ze féieren. Awer eise gréisste Merci geet un d'Leit vun der „ASBL LUkraine“, déi sech mat Läif a Séil engagéieren, fir d'Ukrainer z'ënnerstëtzen, déi an hirem Land a grousser Nout sinn an ënnert deem schreckleche Krich leiden.

 Retour aux articles