DSCF3837

Konferenz iwwer de Srebrenica Genozid

Description


E Freideg den 30. Januar hate mir eng immens interessant Konferenz fir eis 3e Schüler iwwer de Krich a Bosnien an Herzegowina (1992-1995) an iwwer de Srebrenica Genozid (1995) opzeklären. Déi meescht vun eis hunn am Ëmfeld Famillen, Kolleegen oder Bekannten déi vum Krich betraff waren, respektiv och haut nach mat de Konsequenze kämpfen a liewen. Dofir ass et eis immens wichteg fir eise Schüler méi Informatiounen mat op de Wee ze ginn a sou mat sécher ze goen dass net vergiess gëtt wat hei geschitt ass.

De Mustafa Dedovic, e PhD Student aus Sarajevo deen aktiv Recherchen iwwert dëse Sujet mécht, war bei eis op Besuch an huet wärend dem Virtrag wuel ville vun eis nach eng Kéier d’Aen opgemaach a gewise wéi séier Haass a Radikalisatioun zu sou schrecklechen Dote ka féieren. Nom Virtrag haten eis Schüler och nach d’Méiglechkeet Froen ze stellen.

Mir soen dem Mustafa an dem Srebrenica Genocide Comité Merci fir hire Virtrag an och dofir dass si sech asëtze fir méi Leit doriwwer ze opzeklären! 

Fotogalerie

 Retour aux articles