 
                                            Diplomiwwerreechung vum S-Team
Description
Am Oktober 2025 war am Forum Geesseknäppchen Diplomiwwerreechung vum S-Team.
Vill Schoule waren do vertrueden an och mir ware mat eise Jonken invitéiert drun deelzehuelen. 7 Schuman’s Schüler sinn dëst Joer fäerdeg ginn a konnten hiren Diplom entgéint huelen.
Wärend der Ausbildung hunn si vill flott Momenter mam an am Grupp erlieft. Net nëmmen treffen si sech an der Schoul oder am Mariendall fir iwwer Kommunikatioun, Emotiounen a Gewalt ze schwätzen. Mee och sozial Kompetenzen an Teambuilding ginn doduerch gestäerkt. Grouss a Kleng treffen si sech 1x Woch fir sech fir e respektvollen Ëmgang an der Schoul Communautéit tëschent de Schüler anzesetzen.