20260923 172041179 iOS

Soirée Scientifique

Description


Den 23. September war d’Soirée Scientifique, den Ofschloss vum Projet « Chercheurs à l'école » vun den 2e BC Klassen vum leschte Joer.

Haaptdeel vum Projet war de "Voyage Scientifique", den eis dëst Joer a Frankräich, d’Schwäiz an Italie gefouert huet. 
Een vun den Themen vum Voyage war den Undriff vun der Zukunft. Dofir gouf et am Abrëll verschidden d’Ateliers scientifiques déi op d’Rees virbereet hunn. D’Schülerinnen a Schüler hunn sech mam Thema ausernee gesat wei zum Beispill am Atelier Physik wou si den Emile Weber besiche waren oder am Atelier Mathé wou si am  Scienteens Lab  waren.

Nodeems d'Schüler aus den Ateliere Bio, Physik a Mathé ob der Soirée hier respektiv Themen virgestallt hunn, ass zum Ofschloss vun der Soirée nach e Film iwwert d’Rees gewise ginn. Mat dësem konnt jiddereen Andréck vun der Rees aus der Siicht vun de Schüler erliewen.

Fotogalerie

 Retour aux articles