Op der Sich no der Wourecht …

Description


Den 1. Oktober war d’Klass 3A-LLCO vum LRSL bei RTL um Kierchbierg op enger flotter Ausstellung. « À la recherche de la vérité – le journalisme et nous » behandelt Theme wéi Journalismus, Fake News, KI a Medien. Ënner anerem goufen Texter a Statistiken ausgestallt, mat deenen een duerno Quizzer, een Escape Room an aner interaktiv Aktivitéite léise konnt. Zum Schluss konnt ee mat Hëllef vun engem Badge System seng Punkten ausrechnen an eng Gruppefoto maachen. D’Schülerinne vun eiser Sproochesektioun hate ganz vill Spaass a recommandéieren des Aktivitéit.

 Retour aux articles