Besuch vun der kanadescher Astronautin dem Julie Payette
Description
De 25. Juni hate mir Besuch vun der kanadescher Astronautin dem Julie Payette. Si war fir zwou Missiounen op der Internationaler Raumstatioun. Hir éischt Missioun war 1999 mat der STS-96, an hir zweet 2009 mat der STS-127. Am Ganzen huet si méi wéi 25 Deeg am Weltall verbruecht an un der Versuergung an dem Opbau vun der Raumstatioun matgeschafft. Op dëse Missiounen waren hier haapt Tâchen Fluchingenieurin an och Chef-Roboteroperateurin.
Si huet eng eng flott Video Präsentatioun vun hirer Missioun 2009 gewisen an dës live moderéiert, dës huet eis all e kléngen Abléck ginn wéi et am Weltall ass. D’Schüler konnten hir och nach Froe stellen a vill vun hinnen sinn no der Präsentatioun och nach bei si gaangen fir en Autogramm an eng Foto.
‘Dare to dream’ waren hier Schlusswierder, an hiren haapt Message war ganz kloer dass jiddereen sengen Dreem soll nogoen. Och si huet als jonkt Meedche mam Dram Astronautin ze ginn ugefaangen, a konnt dëst mat vill Aarbecht an Motivatioun ëmsetzen. Si huet mat Sécherheet deen een oder dat anert vun eis inspiréiert sengen Dreem nozegoen, op am Weltall oder och op der Äerd.
Mir soen och e ganz ganz grousse Merci un d’Asteroid Foundation déi dëst Treffen bei eis am Lycée erméiglecht huet.