FAIRTRADE LAF 2026
Description
Am fréie Muere vum Freideg, dem 15. Mee 2026, konnt een eng ongewinnten Aktivitéit ronderëm de Lycée Robert-Schuman feststellen. Wéi schonn déi vergaange Joren huet de Fairtrade Laf d’SchülerInnen mobiliséiert, déi fir e gudden Zweck, jiddereen a sengem eegenen Tempo, hir Ronnen ëm de Lycée gedréit hunn.
De Fairtrade Laf ass engersäits e Spendelaf zu Gonschte vun den Organisatioune Fairtrade Lëtzebuerg, PADEM, LUkraine an 2care2share, anersäits awer och eng Course. Vun deene sportlech ambitionéierte LeeferInnen hunn et der gläich 10 op de Podium gepackt. Bei de Jonge waren et de Ben vun der 6C3 (1. Plaz), den Erik vun der 6C3 (2. Plaz), den Toni (5CLC1), den Alex (7C5) an de Ben (4C4) (3. Plaz). Bei de Meedercher koumen der gläich fënnef op déi 1. Plaz, an zwar d’Charlotte (7C3), d’Michaela (7C3), d’Laura (7C2), d’Apolline (6C3) an d’Sarah (4CLC1). Déi bescht Klass war d’7C5 mat enger Moyenne vun 8,48 Ronne pro Schüler.
E ganz grousse Merci den engagéierte LeeferInnen an och deene ville Leit, déi bei der Organisatioun vum Fairtrade Laf gehollef hunn ! De 25. Juni si si all op d’Scheck- a Präisiwwerreechung am LRSL invitéiert.