E grousse Merci un eise Schülercomité: Zwee engagéiert Joeren voller Projeten!
Description
Wat e Schouljoer! Eise Schülercomité huet dëst Joer eng exzellent Aarbecht geleescht an gewisen, wat ee mat Teamwork, Kreativitéit an Engagement erreeche kann. Hei ass en Réckbléck op e ganz besonnesche Projet, deen de Comité dëst Joer zesumme mat de Klassevertrieder (Délégués de classes) op d'Been gestallt huet.
De grousse Schoulprojet: Vum Som bis bei d'Planz
De Comité huet dëst Joer dräi grouss Versammlungen am Trimester mat den Délégués organiséiert, déi all ënner engem ganz bestëmmten Thema stoungen:
1. Versammlung – Den Startschoss: An dëser éischter Sëtzung kruten d'Klassevertrieder hiren offiziellen Optrag mat der Klass en Thema fir en neie, spannende Schoulprojet se sichen
2. Versammlung – Den Dossier "zesummen Wuessen” : Well mer lo nees an engem Gebai sinn, krut all Klass e Blummendëppen, zesumme mat Buedem an Som. Vun deem Moment un war d'Zesummenaarbecht an de Klassen gefrot, fir d'Planz ze fleegen an se wuessen ze loossen.
3. Versammlung – D'Resultat: An der leschter Versammlung goufen déi grouss, gezillte Planzen feierlech presentéiert an geplanzt. Den 1te Präis goung un 5C5 , den zweeten un 6C1 an den drëtten Präis un 1CB.
Engagement iwwer d'Schoul eraus
Net nëmmen intern an der Schoul war de Schülercomité aktiv. D'Membere hunn och reegelméisseg un de Versammlungen vun der CNEL (Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg) deelgeholl, fir d'Interesse vun eise Schüler op nationalem Niveau ze vertrieden an nei Iddien mat zeréck ze bréngen.
Eng verdéngte Belounung
Fir dës super Aarbecht, den Asaz an déi vill Stonnen Fräizäit, déi de Comité investéiert huet, gouf et zum Ofschloss eng verdéngte Belounung: E gemeinsamen Ausfluch an den Laser Game, wou de Spaass an de Teamgeescht am Vierdergrond stoungen. Duerno gouf den Dag nach mat engem super leckere Sushi-Iessen ofgeronnt.