Tubakpräventioun
Description
An der Woch vum 27. Abrëll stoung an eisem Gebai alles am Zeeche vun der Tubakpräventioun. D’Zil war et, Schülerinnen a Schüler fir d’Geforen vum Fëmmen ze sensibiliséieren an hinnen wichtegt Wëssen ze vermëttelen.
Am Laf vun der Woch gouf den Tubakkoffer vum CNAPA presentéiert wou d’Jugendlech sech informéiere konnten. Et gouf vill Undrang, an d’Interessi war grouss. Vill Schüler hu Froen gestallt.
Duerch Gespréicher, Informatiounsmaterial an en interaktiv Atelier ass vill Wëssen vermëttelt ginn. D’Schüler konnten net nëmmen nei Saache léieren, mee och iwwert hir eege Gewunnechten nodenken.
Dës Aktioun huet gewisen, wéi wichteg et ass, fréi unzesetzen an d’Jugend ze informéieren. Sensibiliséierung spillt eng grouss Roll, fir gesond Entscheedungen ze fërderen.