20260416 065024158 iOS

Stage „Sciences & Technologies“ vun der 3B

Description


Vum 14. bis de 16. Abrëll war d’3e B ënnerwee fir hire Stage „Sciences & Technologies“.

Déi éischt Statioun war Köln, wou nieft enger Stadbesichtegung an engem Besuch am Schockelas-Musée och d’Visite vun der Fresenius-Hochschule zesummen mat enger fréierer Schumansschülerin um Programm stoung.

Duerno ass et weider op Ooche gaangen. Op der RWTH Aachen konnten d’Schülerinnen a Schüler an engem Mathé-Atelier selwer programméieren. No engem Iessen an der Mensa stoung nach eng Visite am elektrotechneschen Institut um Programm. Hei gouf et vill interessant Informatiounen iwwer Antennen, Signaltechnik an modern Kommunikatiounssystemer.

Zu Ooche goufen och fréier Schumansschülerinnen a -schüler getraff, déi vun hire Studienerfarunge verzielt hunn an d’Uni an d'Stad nach emol aus engem ganz perséinleche Bléckwénkel gewisen hunn.

En anere flotte Programmpunkt waren direkt zwou Visiten an der Sternwarte zu Köln, wou d’Schülerinnen a Schüler méi iwwer Astronomie, Stären an d’Beobachtung vum Nuetshimmel gewuer goufen.

Den Ofschloss vun dëser interessanter a gelongener Rees huet dunn de Besuch am Phantasialand gebilt, wou nieft Wëssenschaft a Technologie och de Spaass net ze kuerz komm ass.

Fotogalerie

 Retour aux articles